Louis Chauvel
De Louis Chauvel, gebuer den 2. November 1967 zu Paräis, ass e franséische Soziolog a Professer op der Universitéit Lëtzebuerg.
Louis Chauvel | |
---|---|
Gebuer |
2. November 1967 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École des hautes études en sciences sociales |
Aktivitéit | Soziolog |
Hien ass op d'Analys vun de soziale Strukturen a vum Generatiounswiessel spezialiséiert.
Parcours
änneren- 1985: franséische Baccalaureat C mat der Mentioun "très bien"
- 1985-1987: Classes préparatoires Math Sup a Spe M am Lycée Clemenceau zu Nantes
- 1987-1990: École Nationale de la Statistique et de l'Administration Economique (ENSAE)
- 1991: DEA Sozialwëssenschaften École normale supérieure-École des hautes études en sciences sociales
- 1997: Dokter vun der Soziologie op der Universitéit Lille I
- 1998: Dozent um Paräisser Institut d'Études Politiques (IEP)
- 2003: Titulaire vun der Habilitatioun fir Recherche ze maachen, vum Paräisser Institut d'Études Politiques