„Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur, adipisci velit, …“ ass e sougenannte blannen Text, deen näischt bedeite soll, mä deen dofir do ass fir virleefeg eng Textkolonn ze fëllen. D'Verdeelung vun de Buschtawen an d'Wuertlängt vum pseudo-laténgeschen Text entsprécht ongeféier der laténgescher Sprooch. Den Text ass express onverständlech fir datt de Benotzer net duerch de Contenu ofgelenkt gëtt.

„Lorem ipsum“ an der Schrëftaart Helvetica

Dacks gëtt deen Text vu Graphiker benotzt fir de provisoresche Layout vun enger Säit oder den Design vun enger Websäit ze testen oder ze fëllen.

Um Spaweck änneren

Wikisource: Lorem ipsum – Quellentexter


Commons: Lorem ipsum – Biller, Videoen oder Audiodateien