Longeville-lès-Metz

franséisch Gemeng am Departement Moselle
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Longeville-lès-Metz ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Longeville-lès-Metz
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Metz
Kanton Montigny-lès-Metz
Postcode 57050
Gemengecode 57412
Koordinaten 49° 06’ 55’’ N
      06° 08’ 10’’ O
Fläch  271 ha
Bevëlkerung  4 012 (2005)

Longeville läit am Dall vun der Musel a stéisst am Nordosten un d'Stad Metz, an Westen un de Mont Saint-Quentin.

D'Uertschaft ass an Zwee gedeelt, d'Insel Saint-Symphorien a Longeville-Centre. Bréck mat dem Numm Pont de Verdun déi do iwwer den Haaptaarm vun der Musel féiert verbënnt déi zwéi Quartiere mateneen, an ersetzt eng fréier Bréck de Pont du Sauvage déi 1906 gebaut gouf, an den 18. September 1944 vun der Wehrmacht, bei der Liberatioun vu Metz, an d'Luucht gejot gouf.

D'Uertschaft ass un de Stroosseverkéier ugeschloss iwwer d'Departementsstrooss D103g an Nationale 3. Iwwer d'Insel féiert d'D157a déi do Boulevard Saint-Symphorien heescht.

Geschicht änneren

Wopen änneren

Beschreiwung am Originaltext:

D'argent au mont de sinople, mouvant d'une champagne ondulée d'azur, surmonté d'une tour de sable au chef de gueules, chargé de trois besants d'or jaune.

Gebaier a Monumenter änneren

Zu Longeville gëtt et zwou grouss Sportsinstallatiounen:

  • De Sportskomplex Saint-Symporien deen de fréiere Metzer Palais des Sports ersetzt, deen de 7. Mäerz 1999 duerch Brandstëftung zerstéiert gouf.
  • De Foussballsstadion Stade Saint-Symphorien an deem den FC Metz spillt.

Et gëtt dräi relieis Gebaier zu Longeville:

  • D'Kierch Saint-Quentin am Zentrum vu Longeville, am nei-gotesche Stil
  • d'Kierch Saint-Symphorien op der Insel
  • de protestanteschen Tempel, och am Zentrum

Aus der militärescher Vergaangenheet sinn nach e puer Zeie Rescht:

Persounen déi mat Longeville ze dinn hunn änneren

Kuckt och änneren