Long Baseline Array (Australien)
Den australesche Long Baseline Array ass e radioastronomescht Interferometernetzwierk dat sech iwwer de Süden an de Südoste vun Australien verdeelt mat Radioteleskopen op follgende sechs verschiddene Plazen:
- Australia Telescope Compact Array, bei Narrabri
- Parkes-Observatoire, bei Parkes an New South Wales
- Mopra-Observatoire bei Coonabarabran
- Mount Pleasant Radio Observatory bei Hobart
- Ceduna- Radioobservatoire
- Canberra Deep Space Communication Complex
Den australesche Long Base Array gehéiert zur Australia Telescope National Facility a schafft zesumme mam Very Long Baseline Interferometrynetzwierk, dat déi australesch Antennen, deelweis oder och heiansdo all zesumme mat den afrikanesche vum Hartebeesthoek Radio Astronomy Observatory benotzt.