D'Lobelia erinus ass eng Blumm an der Aart Lobelia, an der Famill vun de Klackeblummen. Et si Planzen déi an der Natur all Joer erëmkommen, just bei de geziichtenen Ofleeër ass dat net garantéiert.

Lobelia erinus Sapphire

D'Blumm déi a Pitsch wiisst, an dacks och, jee no Zort hänkech ass, gëtt tëscht 10 a 25 cm héich.

D'Blieder si mëttel- bis donkelgréng, heiansdo och licht bronzefaarweg, an ee bis zwéin cm laang. Si kënnen ofhängeg vun der Variétéiet riicht oder liicht oval sinn.

D'Bléien hunn 0,5 bis 1 cm am Duerchmiesser a kënne blo, violett, wäiss, rosa oder rout sinn an hunn an der Mëtt e wäisst oder e gielt A.

D'Bléi besteet aus zwou Lëpsen, vun deenen déi ënnescht gespléckt ass.