Ljubow
weibleche Virnumm
De weibleche Virnumm Ljubow kënnt aus dem slawesche Sproochraum (russ. Любовь) an heescht op Lëtzebuergesch iwwersat: Léift.
Et ass ee vun den dräi no de Chrëschtlechen Dugende benannte russesche Virnimm (kuckt och Wera an Nadejda). Déi familiär Form vu Ljubow ass Ljuba.
Bekannt Ljubowen
änneren- Ljubow Gurina (* 1957), russesch Liichtathleetin
- Ljubow Jegorowa (* 1966), russesch Schilaangleeferin
- Ljubow Kosyrewa (* 1929), russesch Schilaangleeferin
- Ljubow Panjutina (* 1970), russesch Naturbunnschlittfuererin
- Ljubow Polischtschuk (1949–2006), russesch Schauspillerin
- Ljubow Popowa (1889–1924), russesch Molerin