De Little Richard, gebuer de 5. Dezember 1932 zu Macon, am Bundesstaat Georgia, als Richard Wayne Penniman a gestuerwen den 9. Mee 2020 zu Los Angeles war en US-amerikanesche Rock-'n'-Roll-Sänger, -Pianist a -Songwriter.

Little Richard
Gebuertsnumm Richard Wayne Penniman
Gebuer 5. Dezember 1932
Macon
Gestuerwen 9. Mee 2020
Nashville
Doudesursaach Schankekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Pianist, Lidderschreiwer, Priister, Discographesche Kënschtler, Komponist, Museker

An der Mëtt vun den 1950er Joren huet hie bei der Plackefirma Specialty Records Stilelementer aus Blues, Gospel a Rhythm and Blues ënner dem neien Numm "Rock 'n' Roll" matenee kombinéiert an an de Mainstream eriwwerbruecht. Nodeems e 6 Hitten uewen an de Rhythm-and-Blues-Charts hat, wou virun allem schwaarz Interpreten ze fanne waren, huet hie mat Hitte wéi Long Tall Sally, Ready Teddy, Rip It Up, Good Golly Miss Molly, Jenny Jenny, The Girl Can't Help It oder Tutti Frutti (mam legendären Ausruff A Wop bop aloo bop a lop bam boom!) den Duerchbroch an de genre-onofhängegen amerikanesche Popmusek-Maart gepackt. Säi séiert a kraaftvollt Pianosspill, säin haarden, iwwerdréite Gesank a seng energiegeluede Concerte waren eng Inspiratioun fir vill Museker no him.

Enn 1950er, uganks 1960er Joren huet hie sech eng Zäit zeréckgezunn, fir reliéis Inspiratioun ze fannen, an huet och als Priedeger geschafft. No engem Comeback an den 1960er Joren huet hie seng Musek méi an Direktioun Soul a Funk virunentwéckelt. Seng Bünenoptrëtter goufen iwwerdeems ëmmer méi extravagant.

Zanter den 1980er Joren ass hie just nach sporadesch opgetrueden, an den 1990er an 2000er Joren z. B. nach zesumme mam Jerry Lee Lewis a mam Chuck Berry, als "Lieweg Legende vum Rock 'n' Roll".

Wéinst senger Pionéierroll fir d'Verbreede vum Rock 'n' Roll gouf de Little Richard schonn 1986 als ee vun deenen éischte Museker an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.

Hien huet och an deem engen oder anere Film oder där enger oder anerer Tëleesserie matgespillt, dacks a Form vu Cameo-Optrëtter.

Discographie änneren

(ouni d'Kompilatiounen)

  • 1957 - Here's Little Richard, Specialty LP-100 respektiv 2100
  • 1958 - Little Richard, Specialty LP-2103
  • 1959 - The Fabulous Little Richard, Specialty LP-2104
  • 1960 - Pray Along with Little Richard, Vol. 1, Golddisc LP-4001
  • 1960 - Pray Along with Little Richard, Vol. 2, Golddisc LP-4002
  • 1961 - It's Real, Mercury MG-20656
  • 1964 - Little Richard Is Back, Vee-Jay LP-1107
  • 1964 - Little Richard's Greatest Hits, Vee-Jay LP-1124
  • 1966 - Little Richard Sings His Greatest Hits - Recorded Live!, Modern-LP 1000
  • 1967 - The Wild and Frantic Little Richard, Modern LP-1003
  • 1967 - The Explosive Little Richard, Okeh LP-14117
  • 1967 - Little Richard's Greatest Hits - Recorded Live!, Okeh LP-14121
  • 1970 - The Rill Thing, Reprise LP-6406
  • 1971 - The King of Rock 'n' Roll, Reprise LP-6462
  • 1972 - The Second Coming, Reprise LP-2017
  • 1972 - Southern Child, Rhino Records
  • 1974 - Right Now!, United LP-7791
  • 1976 - Little Richard Live!, K-Tel LP-462
  • 1979 - God's Beautiful City, World LP-1001
  • 1986 - Lifetime Friend, Warner Bros. 4-22529
  • 1992 - Shake It All About, Disney 60849
  • 1992 - Little Richard Meets Takanaka, TOCT 6619

Literatur änneren

  • John Garodkin: Little Richard Special. Mjoelner Edition, Praestoe 1984. ISBN 87-87721-14-7
  • David Kirby: Little Richard. The Birth of Rock 'n' Roll. Continuum, New York 2009. ISBN 978-0-8264-2965-0
  • Paul MacPhail: Little Richard: The Originator of Rock Selbstverlag 2008.
  • Charles White: The Life and Times of Little Richard. The Authorised Biography. Omnibus Press London/ New York/ Paris/ Sydney/ Copenhagen/ Berlin/ Madrid/ Tokyo, 2003 (1. Oplo 1984). ISBN 0-7119-9761-6.

Um Spaweck änneren

Commons: Little Richard – Biller, Videoen oder Audiodateien