Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Lino Galvão (bis 1997: Lino Gomes), gebuer den 10. Juli 1961 zu Soure an der Zentralregioun vu Portugal, ass e Moler a Sculpteur.[1] 1994 krut hien duerch Naturalisatioun d'Lëtzebuerger Nationalitéit.

Lino Galvão
Gebuer 10. Juli 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

Vun 1982 bis 1983 huet hien op der École nationale des beaux-arts vun Nanzeg a vun 1983 bis 1987 op der École nationale des beaux-arts vu Paräis studéiert.[2]

Hien ass Member vun der Onofhängeger Artiste-Gewerkschaft Lëtzebuerg a vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL).[3] 1987 gouf hien um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix d'encouragement aux jeunes artistes ausgezeechent.

Zanter 2005 huet hie säin Atelier zu Liewel an der Gemeng Biekerech.

Hien ass och Dozent an Arts plastiques.

Wierker (Auswielà änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Jos Welter, red. (1993): Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxembourg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S.108-110.
  3. "GALVÃO Lino".
  4. "Wat de Bauer net kennt 'De schaffende Mensch' vum Lino Gomes", d'Letzeburger Land, 29. November 1991; op eluxemburgensia.lu.