E Lineament ass eng riicht oder liicht gebéit Linnestruktur an enger Landschaft déi op eng geologesch Struktur sou wéi z. B. eng Fal hiweist.

Lineament vum Sankt-Andreasgruef.

An der Geologie an a gläichaartege Fächer gëtt de Begrëff Lineament fir déi geometresch Schnëttlinn vun engem regional oder souguer kontinentwäit bedeitende System vun tektonesche Stéierunge mat der Äerduewerfläch gebraucht. Déi Stéierunge kënnen déif an d'Äerdkuuscht erareechen (net dacks bis an den ieweschten Äerdmantel). Geologesch Lineamenter stinn enk mat plackentektonesche Virgäng an Zesummenhank, déi duerchaus och an der wäitster geologescher Vergaangenheet leie kënnen.

Zu der gréisster vun dëse Strukturen op der Äerd zielt den Ostafrikanesche Gruefbroch. Eent vun de bedeitendste Lineamenter an Europa ass d'Mëttelmier-Mjösen-Zon, déi a Gestalt ë. a. vum Rhônedall, dem Oberrheingraben an dem Oslofjord och geomorphologesch zum Ausdrock kënnt.

Lineamenter gesäit ee besonnesch gutt op geologesche Kaarten an hautdesdaags kënne se liicht op Loftbiller an op Satellittefotoe festgestallt ginn.