Lil Peep

amerikanesche Rapper

De Lil Peep (Pseudonym vum Gustav Åhr), gebuer 1. November 1996 zu Long Beach, am Staat New York, a gestuerwen de 15. November 2017 zu Tucson, am Arizona, war en US-amerikanesche Rapper a YouTuber. Säi Lidd Awful Things gouf ronn zéng Millioune mol op YouTube gekuckt.

Lil Peep
Gebuertsnumm Gustav Elijah Åhr
Pseudonym Lil Peep, Gus, trap goose
Gebuer 1. November 1996
Gestuerwen 15. November 2017
Tucson
Nationalitéit USA, Schweden
Educatioun Long Beach High School
Aktivitéit Liddermécher, Rapper, Mannequin

Seng Musek gëtt dem lo-fi-Rap an dem Emo-Trap zougerechent. A sengen Texter geet et ëm Theeme wéi Suizid, vergaange Libesbezéiungen, Drogekonsum an Hexerei. D'Samples, déi e verschafft, komme vun diveres Rockbands.

Discographie änneren

  • 2015: Lil Peep Part One (Mixtape)
  • 2015: Feelz (EP)
  • 2015: Live Forever (Mixtape)
  • 2016: Crybaby (Mixtape)
  • 2016: Hellboy (Mixtape)
  • 2016: Vertigo (EP)
  • 2016: California Girls (EP, mam Nedarb Nagrom)
  • 2016: Teen Romance (EP)
  • 2016: Castles (EP, mam Lil Tracy)
  • 2017: Castles II (EP, mam Lil Tracy)
  • 2017: Come Over When You’re Sober (Album, Warner Music Sweden)

Um Spaweck änneren