Liichttuerm Les Pierres-Noires
De Liichttuerm Les Pierres-Noires gouf tëscht 1867 an 1871 südlech vun der Inselgrupp Moléne am Atlantik gebaut. En ass ronn 6,7 Séimeile vun der fransésicher Küst ewech.
Les Pierres Noires | |
Den Tuerm bei guddem Wieder | |
Positioun : | 48° 18’ 07’’ N 04° 54’ 07’’ W |
---|---|
Lokalisatioun : | Inselgrupp Molène, Finistère, Frankräich |
Baujoer : | 1882 bis 1887 |
Héicht : | 28 m |
Héicht iwwer Mier : | 30,5 m |
Liichtwäit : | 19,5 Séimeilen |
Feier : | Reegelméisseg rout Blëtzer all 5 Sekonnen |
Optik : | Lëns 1/4, Brennwäit 50 cm, ∅ 3 m |
Lanter : | Halogen 250 W |
Akustescht Signal : | Vibrateur ELAC-ELAU 2200 (2 Téin, 60 Sekonnen) |
Ka besicht ginn : | neen |
Bewunnt : | neen |
Automatisatioun : | 1992 |
De Phare goung den 1. Mäerz 1872 a Betrib.
Den Tuerm ass mat zwou Zorte gehaene Granitsteng gebaut, mat Granit vun Aber-Ildut a vu Kersanton.
Am Dag kann een den Tuerm u senge Faarwen erkennen, vun ënne bis an d'hallef Héicht wäiss, duerno rout bis an d'Spëtz. Nuets blénkt en all 5 Sekonne rout.
De Liichttuerm ass zanter 1992 automatiséiert an e gëtt vum Liichttuerm Créac'h vu Ouessant aus gesteiert.