Ligeia Mare
Methanséi um Saturnmound Titan
De Ligeia Mare - den Numm ass laténgesch - ass d'Bezeechnung fir e Methanséi um Saturnmound Titan. En ass ronn 500 km grouss a läit op de Koordinaten 79.0° N / 248.0 W. D'Déift vum zum gréissten Deel mat Methan gefëllte Séi ass 170 m. Well de Séi (och duerch déi glat Uewerfläch) fir Radarstralen duerchsichteg ass, konnt d'Cassinisond bis op de Fong kucken a sou d'Déift moossen[1]. De Séi ass no der Ligeia, enger griichescher Soegestalt genannt.
-
Nogefierft Radarfoto vum Ligeia Mare
-
Gréissteverglach tëscht dem Ligeia Mare an dem Lake Superior an Nordamerika
-
Kaart vum Ligeia Mare
-
Kaart vun enger Inselgrupp am südlechen Deel vum Mare
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ JPL: NASA's Cassini Spacecraft Reveals Clues About Saturn Moon, Datum: 12. Dezember 2013, Ofgeruff: 27. Dezember 2013]