Liewensrees

lëtzebuergeschen Amateurfilm aus dem Joer 2002, dee vum Filmclub Koler Movies Lëtzebuerg produzéiert gouf

Liewensrees ass e lëtzebuergeschen Amateurfilm aus dem Joer 2002, dee vum Filmclub Koler Movies Lëtzebuerg produzéiert gouf.

Liewensrees
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer Lëtzebuergesch
Première 2002
Dauer 94 min
Format 4:3
Ekipp
Regie Marc Barnig
Dréibuch Marc Barnig
Fotografie Marc Barnig
Musek CorrXion
Improviders
BSE
Asopus
Morella’s Sleep
Schnëtt Clause Englebert & Minttu
Produktiouns-
gesellschaft
Koler Movies Lëtzebuerg
Schauspiller
Bernard Weis
Lara Frisch
Luc Huberty
Anne Conter
Claude Hansen
Christian Duprel
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

D'Produktioun gouf vum Service national de la jeunesse ënnerstëtzt an ass am Escher Kino Kinosch gelaf. De Film ass och op DVD erauskomm.

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Eric gouf doheem erausgehäit an huet d'Flemm mat allem. Wéi hien dunn de Sven kenneléiert, dee genee déi selwecht Problemer huet, decidéieren déi zwéin zesummen eng Rees ze maachen, wou si keen Zil a Siicht hunn. Ënnerwee gerode si op d'Joyce an op d'Steff, an déi sech déi zwéin Typpen direkt verléiwen. Zesummen, an ënner der Verfolgung vun zwéi Banditten a vun der Police, maache si sech op de Wee an eng onbekannt a fantasieräich Welt.

Quell änneren