Guy Theisen

lëtzebuergesche Sänger
(Virugeleet vu(n) Leslie Kent)

De Guy Theisen, gebuer den 22. Mäerz 1947 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 19. Februar 2006, war e lëtzebuergesche Sänger.

Guy Theisen
Interview am Joer 2005 fir dem Andy Bausch säi Film "Leslie Kent"
Gebuer 22. Mäerz 1947
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Februar 2006
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

Mat 11 Joer kritt e säin éischt Instrument, eng Mandolin a schonn am Alter vu 15 Joer grënnt hien 1962 seng éischt Band mat de Kolleege vum Fëschmaart Les Panthères noires. Dës Grupp spillt am Hôtel de Luxembourg an och an der Grott zu Péiteng.

Enn 1963 hält de Guy Theisen op mat senger Léier a gëtt Member vun der däitscher Band The Gents. Mat 16 Joer huet e säin éischte professionelle Kontrakt als Museker an der Täsch an ass vill an Däitschland um Tour.

Nodeem en nees heemkomm war, gëtt hien eng Zort Idol fir déi lëtzebuergesch Musekszeen. 1965 geet e mat der englescher Band The Problems op Tour an no diverse kuerzen Engagementer bei lëtzebuergesche Formatioune kënnt hien 1967 bei d'Outsiders, déi wuel populäerst Band aus dem Grand-Duché.

Et ass de Plakeproduzent Jacques Verdonck deen dem Guy Theisen suggeréiert sech e Kënschtlernumm zouzeleen a sou kënnt eng éischt Single ënner dem Numm Leslie Kent eraus (Such Sweet Sorrow / Music).

1969 vertrëtt de Guy alias Leslie Kent seng Heemecht beim Singing Europe 69 Contest am hollännesche Scheveningen. Eng zweet Single gëtt opgeholl (Here I come / Get away) an de Guy Theisen schléisst sech der lëtzebuergescher Formatioun We Feel un. Dës Grupp enregistréiert fir Ariola eng LP Love and Peace, déi awer ni an de Buttek kënnt.

Mëtt 1971 gëtt de Guy Theisen Frontmann bei der belscher Hardrock Grupp Carriage Compagny. Hir Single (In your Room / Feel free) kënnt op déi 1. Plaz an der Télé Moustique-Hitparad a CBS London produzéiert eng zweet Single (Jubilee / Paint the City Red).

De Guy Theisen lieft dunn zu Bréissel an ass Sänger bei der internationaler Jazzrock Formatioun Plus, déi sech aus siwe Museker aus siwe Nationalitéiten zesummesetzt. Plus bréngt eng LP eraus (Pink Elephant) an dann och eng Single (Kentucky Woman). Si ginn zesummen op Tournee uechter Europa a komme souguer bis an Afrika.

Kuckt och änneren