Léon Lippmann
lëtzebuergeschen Eisebunnsmanager a Banquier
(Virugeleet vu(n) Leo Lippmann)
De Léon (oder Leo) Lippmann[1], gebuer den 1. Mäerz 1808 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 11. November 1883 zu Amsterdam, war en Eisebunnsmanager a Banquier.
Léon Lippmann | |
---|---|
Gebuer |
1. Mäerz 1808 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
11. November 1883 Amsterdam |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Banquier |
Famill | |
Papp | Jonas Lippmann |
Geschwëster | Isaï Lippmann |
Als Jong vum Jonas Lippmann huet hie fir d'éischt als Reesender vu sengem Papp senger Händschefabréck geschafft. Méi spéit gouf en Direkter vu verschiddenen hollänneschen Eisebunnsgesellschaften. 1858 huet hien zu Amsterdam eng Bank, d' Bank Lippmann, Rosenthal & Cie, matgegrënnt. Hie gouf och do Lëtzebuerger Konsul.
Hie war de Brudder vum Isaï Lippmann. Hien ass um ale jiddesche Kierfecht a Clausen begruewen[2].
Gielercher änneren
- Grand-officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1874)[3]
Fotoalbum änneren
-
Lippmann Familljegraf a Clausen
Kuckt och änneren
- Gabriel Lippmann, Nobelpräisdréier fir Physik