De Leo Kirch, gebuer den 21. Oktober 1926 zu Fahr (haut Volkach) a gestuerwen de 14. Juli 2011 zu München, war en däitsche Medienentreprener, dee sech haaptsächlech op d'Verwäertung vu Filmrechter konzentréiert an an deem Kader d'Kirch Grupp gegrënnt hat.

Leo Kirch
Gebuer 21. Oktober 1926
Würzburg
Gestuerwen 14. Juli 2011
München
Doudesursaach Zockerkrankheet
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Entreprener

Hien huet vun 1955 u konsequent ee vun deene gréisste Film- a Fernseeskonzerner vun Europa opgebaut, mat ë. a. engem 40 % Undeel un der Axel Springer AG (Bild an Die Welt), de Kanäl ProSieben, Sat.1, Kabel eins, N24 an dem Bezuelsender Premiere.

2002 huet säi Konzern Faillite gemaach, well e wéinst Verloschter beim Pay-TV iwwerschëlt war.

De Kirch huet sech doropshin aus der Entreprise zeréckzéie missen, huet awer Bedeelegungen u Schwäizer Firme behalen, déi net an d'Mass vun der Faillite gefall sinn, dorënner och eng minoritär Bedeelegung un der Constantin Medien AG (DSF).

Hie war zanter 1956 mat senger Fra Ruth bestuet, mat där en zwéi Bouwen huet.