Leck mich im Arsch
sechsstëmmege Kanon vum Wolfgang Amadeus Mozart
Leck mich im Arsch ass e sechsstëmmege Kanon, dee 1782 vum Wolfgang Amadeus Mozart komponéiert gouf.
Dat Wierk gouf zu Liefzäite vum Komponist net publizéiert. Seng Wittfra Constanze Mozart huet et dem Leipzeger Musekverlag Breitkopf & Härtel zur Publikatioun iwwerlooss. Do gouf allerdéngs déi éischt Zeil vum Text op „Lasst froh uns sein” ofgeännert.
De Kanon dréit d'Köchelverzeechness-Nummer 231. Vun der drëtter Oplo un dréit en do d'Nummer 382c a gouf sou an enger Grupp mat méi Kanonen an e puer Geleeënheetswierker, dorënner och „Leck mir den Arsch fein recht schön sauber” KV 382d, zesummegefaasst.
Den Text
änneren- Leck mich im Arsch!
- Lasst uns froh sein!
- Murren ist vergebens!
- Knurren, Brummen ist vergebens,
- ist das wahre Kreuz des Lebens.
- Drum lasst uns froh und fröhlich sein!
- Leck mich im Arsch!
- Dem Soldaten sein Marsch.
- Dem Bäcker sein Brot,
- Dem Henker der Tod.
- ist des Kreuzes Sinn vergebens,
- Freut Euch trotzdem Eures Lebens!
Um Spaweck
änneren- Op youtube.com