Le Marchand de Ploquettes

Le Marchand de Ploquettes ass eng 3 Meter héich monumental bronze Skulptur zu Verviers an der Rue du Collège vum Lécker Sculpteur Louis-Pierre Wagelmans.

De Marchand de Ploquettes zu Verviers

De Marchand de ploquettes war e Genre Courtier am regionale Wollhandel. Mat Wollstuelen déi an déckem bloe Pabeier gerullt waren ass hie an d'Spënnereien a Kardereie gereest fir datt déi sech déi gewënschte Qualitéit konnten eraussichen.

An der Skulptur stellt de Wagelmanns den Händler als en elegant gekleete Mann, mat senger Meloun, an an engem englesche Mantel duer. Ënner dem lénksen Aarm an an der rietser Hand dréit hien déi opgerullt Woll.