Haaptmenü opmaachen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit Lautebur bei Iechternach. Fir de Chemiker an Nobelpräisdréier mat deem Familljennumm, kuckt wgl. Paul Lauterbur.

Lauterbur ass e Lieu-dit an der Gemeng Iechternach eng 3 km südwestlech vum Stadzentrum, baussent der Stad laanscht d'Lëtzebuergerstrooss (N11/E29). Déi kleng Uertschaft besteet aus engem herrschaftleche Gebai, "Schlass" genannt, enger Kapell an e puer Millen.

Lauterbur
Lauterborn Castle R02.jpg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lauterborn
de: Lauterborn
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Iechternach
Gemeng Coat of arms echternach luxbrg.png Iechternach
Buergermeeschter Yves Wengler CSV
Koordinaten 49° 47’ 48.1’’ N
06° 23’ 12.3’’ O
Lauterbur ëm 1600; Zeechnung am Abt Jean Bertels sengem Kontebuch

GebaierÄnneren

SchlassÄnneren

D'Schlass Lauterbur, besteet aus engem Härenhaus, engem Haus fir d'Personal, Ställ, Scheieren, der Kapell, dem Park an dem Weier a war fréier am Besëtz vun der Abtei Iechternach. Et geet zréck op eng Schenkung vum Propst Berengaud tëschent 926 an 931. Dat haitegt Gebai gouf 1774 ënnert dem Abt Michel Horman vum Architekt Paul Mungenast als Residenz vun engem vun de Patere gebaut. No der Franséischer Revolution gouf d'Schlass 1797 versteet. Et huet duerno reegelméisseg de Besëtzer gewiesselt an ass och haut nach a Privatbesëtz.

KapellÄnneren

D'Kapell Lauterbur gehéiert als Privatbesëtz zum Schlass. De Grondsteen fir d'Kapell gouf 1628 geluecht, si gouf 1629 fäerdeg gebaut an ageweit. Um Enn vum 18. Jarhonnert gouf d'Kapell am Rokoko-Stil, warscheinlech ënnert dem Architekt Paul Mungenast, nei opgebaut. Iwert dem Agank ass d'Wope vum Abt Limpach an eng Muttergottesstatue, bannen drann e Rokoko-Altor, deen och aus där Zäit staamt, mat engem Bild, dat méi al ass an de Wope vum Abt Petrus Fisch (1628-1657) duerstellt. D'Kapell gouf am zweete Weltkrich staark beschiedegt, 1960 renovéiert a vum Bëschof Léon Lommel nei ageweit.

MillenÄnneren

Am Ganze gouf et zu Lauterbur fënnef Millen. Eng éischt gëtt 1581 urkundlech genannt. Haut ass nach eng vun de Millen, d'Dieschbourger Millen (Specksmillen) als Millen a Betrieb, eng aner gouf an en Hotel-Restaurant (Au Vieux Moulin) ëmgebaut.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Lauterbur – Biller, Videoen oder Audiodateien