Laurentius Petri
De Laurentius Petri (Nericius), eigentlech Lars Persson, 1499 zu Örebro gebuer a 1573 gestuerwen, war, zesumme mat sengem eelere Brudder Olaus Petri (1493-1552) a mam Laurentius Andreae (~1470-1552), de Reformator am schweedesche Kinnekräich. De Bäinumm "Nericius" (= vun der Provënz Närke) soll hie vu sengem Nofollger, dem Äerzbëschof Laurentius Petri (Gothus), ënnerscheeden.
Laurentius Petri | |
---|---|
Gebuer | 1499 jul. |
Gestuerwen |
26. Oktober 1573 Uppsala |
Nationalitéit | Schweden |
Aktivitéit | Priister, Iwwersetzer, Theolog, Bibeliwwersetzer |
Famill | |
Geschwëster | Olaus Petri |
De Laurentius Petri gouf 1531, mat der Ënnerstëtzung vum Kinnek Gustav I. Wasa, zum Äerzbëschof vun Uppsala, deemno zum Chef vun der schweedescher Kierch gewielt. Hien huet déi nei Kierchenuerdnung erausginn, déi 1571 och an enger gedréckter Versioun editéiert gouf. Dora konnt / kann een d'Grondzich vum schweedesche Staatskirchentum noliesen. D'Verméige vun de Kierchegemengen ass un de Kinnek gefall, dee sou seng Muecht ganz zolitt konnt ausbauen.
Allerdéngs eréischt 1593, op enger Synod zu Uppsala, gouf de Protestantismus definitiv als Staatsrelioun vu Schweden établéiert an d'Augsburger Bekenntnes unerkannt.
Zum Schluss vum russesch-schweedesche Krich (1554-1557) huet de Kinnek Gustav I. de Laurentius Petri zum Chef vun der schweedescher Delegatioun gemaach, déi 1557 zu Nowgorod de Friddensvertrag negociéiert huet. An där Delegatioun war och de finnesche Reformator Mikael Agricola.
Literatur
änneren- Robert Stupperich, Reformatorenlexikon ; Gütersloh (Verlag Max Mohn), 1984. ISBN 3-579-00123-X
- Bengt-Thure Molander, Radioscopie de l'Église de Suède ; in: Études, Bd. 347, Dezember 1977; Ss. 671-684.