Laserteleskop
E Laserteleskop ass d'Kuerzbezeechnung fir en Teleskop mat liichtelektreschem Empfänger, dee fir Laser-Distanzmiessungen op Äerdsatellitten (Satellite Laser Ranging, SLR) an op de Mound (Lunar Laser Ranging, LLR) agesat gëtt.
Et si meeschtens Spigelteleskope mat enger Ëffnung vu 40 bis 80 cm an e puer Meter Brennwäit. Bei Instrumenter vun der 3. a 4. Generatioun (zanter 1990) gëtt déi selwecht Optik fir d'Aussenden an d'Empfänke vu Laserstrale benotzt. D'Strale ginn um Satellit vun Tripelspigelen an d'Ursprongsrichtung reflektéiert. Hir Lafzäit ergëtt déi duebel Distanz zum Satellit.
Béid Stralegäng gi mat engem hallefduerchlässege Spigel getrennt.
Eeler Instrumenter hate fir de Laser eng eege Sendeoptik.
Och Miessteleskope vu modernen Theodoliten an Tachymeteren si kleng Laserteleskopen, mat deenen op änlech Aart a Weis d'Distanze vu Vermiessungspunkte bestëmmt ginn. Wéinst der klenger Intensitéit (maximal 200 bis 2000 m Distanz) kann d'Richtungsmiessung (visuellt Okular + Fuedemnetz), de Laser a seng Empfangsoptik koaxial an den nëmmen 10–15 cm laange Miessteleskopen ënnerbruecht ginn.
Speziell Asätz vu klenge Laserteleskope si Justéier- a Kanallaser souwéi Lasertracker.
Kuckt och
änneren- Satellittenobservatioun
- Mikrowelle-Systemer,
- Sequential Collation of Range (SECOR)
- Satellittenteleskop