Large Synoptic Survey Telescope

De Large Synoptic Survey Telescope (LSST) ass e geplangt Spigelteleskop mat groussem Siichtberäich, deen den zougänglechen Himmel komplett an dräi Nuechte fotograféiere kann. Mam Bau gouf 2010 ugefaangen an et soll fir 2014 fäerdeg sinn. D'Teleskop steet um 2.682 Meter héijen El-Peñón-Bierg vum Cerro Pachón am nërdleche Chile. An der Noperschaft steet de Gemini-South-Teleskop, de SOAR-Teleskop an den CTIO-Teleskop.[1]

Verglach mat aneren Teleskope vun dëser Gréisst hieft sech den LSST duerch säi grousse Bildwénkel mat engem Duerchmiesser vun 3,5° eraus (de Mound an d'Sonn hu vun der Äerd aus gesinn en Duerchmiesser vun ongeféier 0,5°).

Den Direkter vum LSST ass den Anthony Tyson[2].

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Pressemitteilung zur Standortwahl (engl.) Archivéiert de(n) 06.07.2010. Gekuckt de(n) 21.09.2011.
  2. lsst.org: The LSST Team