Lara Heinz
D'Lara Heinz, gebuer de 27. Mee 1981 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Doktesch, fréier Schwëmmerin an Olympionickin.[1]
Lara Heinz | |
---|---|
Gebuer |
27. Mee 1981 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schwëmmer, Dokter |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 2004, Olympesch Summerspiller 2000 |
D'Lara Heinz ass beim Le dauphin zu Ettelbréck geschwommen a si war déi éischt Lëtzebuergerin, déi d'100-m-Nage libre (de 14. Abrëll 1996 an der Coque mat 59"74) a manner wéi enger Minutt geschwommen ass. Si war och déi éischt lëtzebuergesch Schwëmmerin an der Nage libre bei Olympesche Spiller.
1998 ass si d'100 m a manner wéi 58"00 geschwommen, där Zäit déi vum COSL als Norm festgeluecht gi war.
Op den Olympesche Summerspiller zu Sydney am Joer 2000 war si déi jéngst Athletin an der 7-käppeger Lëtzebuerger Ekipp. Si war deemools op Deuxième am Dikrecher Kolléisch an huet als éischt Lëtzebuerger Sportlerin vu legale Kader profitéiert fir ee Schouljoer an zwee Joer opzedeelen.
Si hat zu Sydney follgendes opweises:
- 50 m-Nage libre: mat 26''55 op Plaz 34 ënner 74 Konkurrentinnen aus 66 Natiounen
- 100 m-Nage libre: mat 58''55 op Plaz 37 ënner 54 Konkurrentinnen aus 49 Natiounen
No hirem Lycéesofschloss huet d'Lara Heinz zu Bonn Medezin studéiert a war do am Schwammclub SSF Bonn 05 aktiv. Sie huet op den Olympesche Summerspiller 2004 zu Athen matgemaach a hat follgend Resultater:
- 50 m-Nage libre: mat 26''35 op Plaz 30 ënner 73 Konkurrentinnen aus 66 Natiounen
- 100 m-Nage libre: mat 57''40 op Plaz 36 ënner 50 Konkurrentinnen aus 44 Natiounen
Mat 80 Meeschtertitelen a 75 Landesrekorden huet d'Lara Heinz no hirer Participatioun op de Spiller vun Athen mat hirer professioneller Karriär opgehalen[3].
Berufflech Karriär
ännerenNo hirer Première am Dikrecher Kolléisch (2001) huet si vun 2001 bis 2008 op der Rheinische Friedrich-Wilhelms-Universität zu Bonn Medezin studéiert an 2008 hiren 3. Staatsexame gemaach. Duerno huet si noeneen am St. Franziskus Kreiskrankenhaus zu Saarburg an am Krankenhaus der Barmherzigen Brüder zu Tréier geschafft.
Si schafft haut als Doktesch (Fachärztin für Orthopädie & Unfallchirurgie) an enger Praxis zu Éiter[4].
Privatliewen
ännerenD'Lara Heinz ass bestuet a Mamm vun zwee Kanner[4].
Auszeechnungen
änneren- 1996 gouf si mam Präis vum jonken Espoir vum „Lëtzebuergesche Sportler vum Joer“ ausgezeechent.
Kuckt och
änneren- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
änneren- ↑ D'Lara Heinz op der Websäit sports-reference.com
- ↑ Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 48-49. ISBN 978-2-9599734-5-1
- ↑ (de)Kennen Sie Lara Heinz noch?. Luxemburger Wort (17.06.2024). Gekuckt de(n) 17.06.2024.
- ↑ 4,0 4,1 (de)Wolfgang Müller, IT-Service, Vita Heinz. CMO. cmo.lu. Gekuckt de(n) 17.06.2024.