Lannenallee um Gréiwelsser Haff

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Lannenallee um Gréiwelshaff)

D'Lannenallee um Gréiwelsser Haff ass eng Allee mat haaptsächlech Lannen (Tilia, (fr) tilleul, (de) Linde) zu Bartreng, op der Héicht vun der Gréiwelsser Barrière. Wéinst hirem Gesamtandrock zielt d'Lannenallee zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Lannenallee um Gréiwelsser Haff
D'Lannenallee um Gréiwelshaff, Richtung Lonkecher Strooss gekuckt. (Mee 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg, Allee
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bartreng
Plaz Gréiwelsser Haff
Koordinaten 49°35'49,99"N, 6°2'44,48"O
Bamaart Lannen, Eschen, Eechen
Héicht 21 m (2000)
Duerchmiesser 1,43 m (2000)
Ëmfang 2,54 m (2000)
Lannenallee (Lëtzebuerg)
Lannenallee
Lannenallee
Lag vum bemierkenswäerte Bam
E Stamm deen dicht mat Flechte bewuess ass.
Op dëser Bamschuel sinn dräi Flechtenaarten ze gesinn

De geneeën Alter vun der Allee ass net bekannt an et ass och net gewosst ob et sech ëm Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlannen (Tilia cordata) handelt.

Lokalisatioun änneren

D'Lannen, tëscht deene vereenzelt Eschen an Eeche stinn, stinn an enger Allee, déi op der Héicht vun der Gréiwelsser Barrière vun der Lonkecher Strooss (E44 / N5) bis bei dat éischt Wunnhaus beim Haff féiert. Se läit an der Sektioun Luerenzscheier vun der Gemeng Bartreng.

Geschicht änneren

Bis elo (2024) gouf et op Pabeier nach keng Verëffentlechung mat der Beschreiwung a Fotoe vun dëser Allee.

Entwécklung änneren

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [1]    
2000 2,54 1,43 21,00

  = Ëmfang;   = Duerchmiesser;   = Héicht

Biller änneren

Interessantes änneren

  • Op de Lanne vun dëser Allee kënnt eng bemierkenswäert héich Zuel vu Flechtenaarte vir, dorënner och e puer seelener. Ënner deene ronn 50 Aarten déi hei festgestallt goufen, ass och eng, déi bis haut nach net vun de Spezialiste konnt identifizéiert ginn.

Kuckt och änneren

Quellen änneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 247; keng Beschreiwung a keng Foto vun der Allee an dësem Buch).

Um Spaweck änneren

Commons: Lannenallee um Gréiwelsser Haff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. op Broschthéicht gemooss