Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Lannenallee vu Biergem ass eng ronn 300 m laang Allee vun eppes iwwer 50 Lannen, déi vum CR164 (Näerzengerstrooss) just baussent der Uertschaft Biergem no Süden ofzweigt a bei d'Lameschmille féiert.

D'Lannenallee zu Biergem (2012).

Si gouf de 7. Mäerz 1984 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter opgeholl.[1] D'Allée steet awer net op der 'offizieller' Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.[2]

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. d'Lëscht S. 236-247, wou dës Allee feelt).

Referenzen an Notten änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Les arbres remarquables, 2002.