Lann zu Pëtschent

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Lann zu Pëtscht)

D'Lann zu Pëtschent ass eng Lann déi zu Pëtschent an der Gemeng mat selwechten Numm steet an déi wéinst hirem imposanten Ausgesinn an och hirem Alter, zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert. Den 23. Mäerz 1990 ass se an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl ginn.

Lann zu Pëtschent
Kategorie geographeschen Objet, Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°57'32"N, 6°8'30"O
Lann zu Pëtschent (Lëtzebuerg)
Lann zu Pëtschent
Lann zu Pëtschent
Lag vum bemierkenswäerte Bam
E gewaltege Stamm.
De Stamm ass no Süden hin zou
D'Lann ëm 1935 (aus Modert 1962).

Et ass net gewosst ob et eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass.

Lokalisatioun änneren

De Bam steet um Bord vun engem privaten Terrain Um Haff (fréier: rue de l'Église) zu Pëtschent, am südlechen Ausgank vum Duerf.

Geschicht änneren

Entwécklung änneren

De gewaltege Stamm vun der Lann, dee bal komplett ausgehielegt ass, dréit zwéin Haaptäscht. Den Usaz vun engem fréieren drëtten Haaptaascht ass nach ze gesinn.

D'Kroun vun der Lann gouf e puermol staark zeréckgeschnidden, soudatt si eng sougenannt Kapplann gouf.

De geneeën Alter vum Bam ass net bekannt, däerft awer 500 Joer erreechen. Domat ass dëse Bam, no der Wëller Lann zu Kënzeg, déi zweetdéckst Lann zu Lëtzebuerg.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [1]    
1958 6,43 1,43
2000 6,87 2,19 18,00
2023 7,98 2,54 16,80

Interessantes änneren

  • 1962 schreift de Paul Modert (op Däitsch, hei iwwersat):

D'Lann ass komplett ausgehielegt. De Stamm steet op senger Récksäit op enger Breet vu 90 cm op, a bannenan hu sechs Erwuessener nieftenee Plaz. De Stamm besteet nëmme méi aus enger bis 20 cm décker Schuel, déi op enger Plaz duerch Kugelaschëss duerchlächert ass.

An der Ardennenoffensiv, déi grousse Schued am Duerf hannerlooss huet, gouf och d'Lann beschiedegt: hir Kroun gouf duerch Kugelen a Granaten zerrappt. Duerno ass si erëm kräfteg ausgeschloen.
Bis kuerz viru 1962 gouf et um Fouss vun der Lann e Pëtz, deen, wéi d'Waasserleitung geluecht gouf, zougeschott gouf. Vläicht sinn d'Wuerzele vun der Lann bis an de fréiere Pëtz era gewuess, fir sech mat Waasser ze versuergen.

  • Am Bauerenhaff ënner der Lann, op der anerer Säit vum Wee, ass zënter 2020 en oppenen therapeuteschen Zentrum fir Jugendlecher mat psychesche Gesondheetsproblemer.

Biller änneren

Kuckt och änneren

  • Déi dräi déckste Lannen zu Lëtzebuerg:
Wëll Lann vu Kënzeg
Lann zu Pëtschent
Lann zu Suessem

Literatur änneren

  • Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 64-65, Foto an Text).
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 126-127, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.
  • Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 18 fir d'Lann zu Pëtschent, Text a Foto).

Um Spaweck änneren

Commons: Lann zu Pëtschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. op Broschthéicht gemooss
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur