Lamoral de Villers

lëtzebuergesche Politiker an Industriellen

De Grof Lamoral Edmund Heinrich de Villers, gebuer den 18. Mee 1856 zu Bur a gestuerwen den 18. Oktober 1934 um Grondhaff, war e Lëtzebuerger Adelegen, Politiker an Industriellen.

Lamoral de Villers
Gebuer 18. Mee 1856
Bur
Gestuerwen 18. Oktober 1934
Grondhaff
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Seng Karriär huet hien als Member vun der preisescher Arméi ugefaangen. 1912 gouf hie Chambellan um Groussherzoglechen Haff. De 15. Mee 1914 krut hien d'Lëtzebuerger Nationalitéit[1].

Hie war vun 1914 bis 1925 an 1928 Deputéierte vun der Rietspartei am Kanton Iechternach. No senger Wal am Joer 1914 koum et an der Stad Lëtzebuerg zu enger antidäitscher Manifestatioun, bei där eng Popp op der Plëss d'Arem verbrannt gouf, déi hie sollt duerchstellen[2]. Hie war och laang Jore President vun der Landwirtschaftskummer[3].

De Lamoral de Villers huet 1905 d'Schlass Grondhaff nei baue gelooss. Hie war 1906 Aktionär a Matgrënner vun der Grandes Distilleries Réunies SA, déi d'Marken "La Bernardine" a "Mercier, Laroche et Cie" exploitéiert huet[4].

Hie war mat der Luise von Boch bestuet, der Duechter vum Eugen (von) Boch an der Octavie Villeroy, an Niess vun der Anna Boch[5]

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Memorial 31 vum 19.4.1914 S. 525 op Legilux.lu
  2. Nachklänge zu den Walen, Luxemburger Wort vum 18. Juni 1914, Säit 4
  3. Luxemburger Wort, 19. Oktober 1934 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-03-12.
  4. Fiche vun der Famill de Villers op Industrie.lu.
  5. Josiane Weber: Familien der Oberschicht in Luxemburg. Elitenbildung und Lebenswelten. 1850-1900. Luxemburg: Éditions Guy Binsfeld, 2013, S.189.
  6. (de)Die Festlichkeiten in Brüssel - Belgische Auszeichnungen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (15. Mee 1922). Gekuckt de(n) 2023-08-08.