De Lake Hillier ass ee 600 Meter laange rosafaarwege Salzséi am Nordoste vun der Insel Middle Island, der gréisster Insel vum Recherche-Archipel am Bundesstaat Western Australia bei Esperance. Well bis op eng Ausnam all d'Insele vun dëser Inselgrupp ënner Naturschutz stinn, kann een de Lake Hillier just vun engem Fliger aus gesinn.

Lake Hillier
Land Australien
Verwaltungseenheet Westaustralien
Länner um Uwänner Australien
Geographie
Koordinaten 34° 05’ 41.23’’ S
      123° 12’ 10.36’’ O
Fläch 0,015 km²

De Séi huet keen Zoufloss a gëtt just duerch eng schmuel Sträif Land (eng Sanddün, déi bewuess ass), am Norde vum Ozean ofgegrenzt.

Et gëtt ugeholl dass déi intensiv rosa Faarf duerch eng Konzentratioun vun Närstoffer aus verschiddenen organeschen an anorganesche Matièren, sou wéi duerch verschidde Bakteerien an Algen am Séi verursaacht gëtt.

Um Spaweck änneren

Commons: Lake Hillier – Biller, Videoen oder Audiodateien