Lago Bianco
Stauséi an der Schwäiz
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lago Bianco, de Wäisse Séi, ass e Stauséi an der Schwäiz op enger Héicht vun 2.234 Meter, beim Bernina Pass am Kanton Graubünden.
En huet eng Wasserfläch vu ronn 143 ha, an en ass entstane wéi 1912 den Offloss vun zwéin natierleche Séien, de Lago Bianco a Lago della Scala, duerch d'Talspären Arlas a Scala, gespaart gouf.
An de Séi lafen d'Ova da Bernina an d'Acqua Pila.
D'Talspären
ännerenArlas (am Norden) a Scala (am Süden) | ||
---|---|---|
An Déngscht gestallt | 1912 | 1912 |
Typ vun der Mauer: | Gewiichtsstaumauer | |
Krounelängt: | 280 m | 190 m |
Héicht: | 15 m | 26 m |
Bauvolumen: | 7000 m³ | 13'000 m³ |
Anzuchsgebitt: | 10,85 km² | |
Stauvolumen: | 18,6 Mio. m³ | |
Wasserfläch | 143 ha | |
Längt: | 3 km | |
Capacitéit: | 80 m³/s | |
Bedreiwer: | Rätia Energie, Brusio |
Um Spaweck
ännerenCommons: Lago Bianco (Bernina) – Biller, Videoen oder Audiodateien |