Lagman (usb. Lagʻmon/Лағмон, rus. Лагман, chin. 拉面) ass en zentralasiateschen a chineeseschen (dunganeschen/uigureschen) Deegwuerekascht, dee mat speziellen Nuddelen, Fleesch (meeschtens Schof) a Geméis gemaach gëtt.

Lagman-Plat, Zalot an Téi an engem dunganesche Restaurant zu Bischkek, Kirgisistan

D'Nuddelen déi dem Plat den Numm ginn hu ginn net aus engem Deegflued erausgeschnidden, mä aus engem Deegklomp gezunn. Si ënnerscheede sech vun deenen am Rescht vu China bekannte Lā miàn-Nuddelen doduerch datt se méi déck sinn.

Jee no Regioun ënnerscheet sech d'Rezept, sou kommen z. B. an Nordafghanistan Ierbessen dran, an de Kascht ka sech emol méi als Zopp oder méi als Plat presentéieren. Bekannt ass en an deene meeschte Länner vun der fréierer Sowjetunioun an a China, als Nationalkascht gëllt en a Länner wéi Usbekistan a Kirgisistan.

Um Spaweck änneren