De Lacus Oblivionislaténgesch fir Séi vum Vergiessen – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. D'Bezeechnung gouf vun der Internationaler Astronomescher Unioun am Joer 1976 festgeluecht.

De Lacus Oblivionis, Foto opgeholl vun der Raumsond Clementine.

Déi kleng Mierfläch huet e mëttleren Duerchmiesser vu 50 Kilometer a läit südlech matzen op der Moundrécksäit bei de selenographesche Koordinaten 21 Grad Süd an 168 Grad West.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren