De Lacus Gaudiilatäin fir Séi vun der Freed – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. D'Bezeechnung gouf duerch d'International Astronomesch Unioun am Joer 1976 festgeluecht.

De Lacus Gaudii, am Zentrum vum Bild, opgeholl vun der Raumsond Clementine. Uewe riets en Deel vum Mare Serenitatis. Um ënneschte Bildrand lénks de Lacus Lenitatis a riets uewen donun de Lacus Hiemalis.

Déi kleng onreegelméisseg Mieresfläch mat onbestëmmter Ëmgrenzung huet e mëttleren Duerchmiesser vun 113 Kilometer a läit op der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinaten 16° 12' Nord an 12° 36' Ost. Ronderëm de Séi leien am Norden an am Nordosten d'Montes Haemus an d'Mare Serenitatis, am Südosten de Lacus Hiemalis, am Süden de Lacus Lenitatis an am Westen de Lacus Doloris.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren