De Lacus Bonitatislatäin fir Güte-Séi – ass en erstarrte Lavaséi um Äerdmound. D'Bezeechnung gouf am Joer 1976 duerch d'International Astronomesch Unioun festgeluecht.

De Lacus Bonitatis, opgeholl vun der Raumsond Clementine. Riets ënnen de 64 km breede Krater Macrobius.

Déi donkelgro onreegelméisseg Fläch huet e mëttleren Duerchmiesser vun 92 Kilometer a läit am Nordoste vun der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinaten 23° 12' Nord an 43° 42' Ost, nordwestlech um Krater Macrobius. Westlech vun der Formatioun ass d'Marebucht Sinus Amoris an am Nordwesten de Montes Taurus.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren