Als Lactat bezeechent een e Salz oder Ester vun der Mëllechsaier.

Strukturformel vum D-Lactat-Ion
Strukturformel vum L-Lactat-Ion

Well Mëllechsaier an zwou enantiomere Forme virkënnt, gëtt et och zwou entspriechend Forme vun hirem Anion, déi ee meeschtens no hirer Ausriichtung an der Fischer-Projektioun als D- an L- Form bezeechent. Lactat kënnt am mënschleche Kierper nëmmen an der rietsdréiender L- Form vir, meeschtens als Natriumlactat.

Lactater entstinn am Stoffwiessel vu Liewewiese bei enger onvollstänneger Verbrennung vu Glucose. Dëst ass e Prozess deen asetzt wann een der Muskulatur Leeschtung ofverlaangt, déi e méi grousse Besoin u Sauerstoff ervirrifft wéi e vum Blutt gedeckt ka ginn. D'Konsequenz kann eng Iwwersaierung vun de Muskele sinn.

Um Spaweck änneren