La fille de d'Artagnan ass e franséisch-italieenesche Film vum Bertrand Tavernier aus dem Joer 1994.

La fille de d'Artagnan
Film
Produktiounsland Frankräich
Italien
Produktiounsjoer 1994
Première 24. August 1994
Dauer 129 min
Faarf Faarweg
Format 1,85:1 -
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Bertrand Tavernier
Dréibuch Jean Cosmos
Riccardo Freda
Michel Léviant
Bertrand Tavernier
Eric Poindron
Fotografie Patrick Blossier
Musek Philippe Sarde
Schnëtt Ariane Boeglin
Dekoren Geoffroy Larcher
Produzent Véronique Bourboulon
CiBy 2000
Canal+
Little Bear
Sofica Banque Nationale de Paris
TF1 Films Production
Produktiouns-
gesellschaft
Ciby2000,
TF1,
Canal+,
Little Bear
Schauspiller
Sophie Marceau als Eloïse d'Artagnan
Philippe Noiret als D'Artagnan
Claude Rich als Duc de Crassac
Sami Frey als Aramis
Jean-Luc Bideau als Athos
Raoul Billerey als Porthos
Charlotte Kady als Eglantine de Rochefort
Nils Tavernier als Quentin la Misère
Luigi Proiett als Mazarin
Jean-Paul Roussillon als Planchet
Pascale Roberts als Oberin
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Eloise (Sophie Maceau), d'Meedche vum Kapitän d'Artagnan (Philippe Noiret) ass sengem Papp nogeschloen. Nodeems hat e Komplott géint de Kinnek entdeckt huet, geléngt et him säi Papp a seng aner Mousquetairen aus der Pensioun erauszehuele fir dem Kinnek zu hëllefen.

Soss änneren

De Bertand Tavernier Produzent vum Film duerch seng Produktiounsfirma Little Bear huet de Film als en Hommage un d'Serie-B Filmer gesinn an hien hat de 84 Joer alen italieenesche Regisseur Riccardo Freda engagéiert fir de Film ze dréien. De Fredda konnt no e puer Deeg d'Filmaarbechten net weider féieren, sou datt de Bertrand Tavernier d'Regie vum Film iwwerholl huet.

De Film ass zum Deel am Perigord zu Sarlat-la-Canéda an am Schlass vu Beynac gedréint ginn.

Um Spaweck änneren