D'Lëtzebuerger Gaardenausstellung 2023, gekierzt LUGA 2023 ((de) Luxemburger Gartenschau)[1], ass déi éischt national Gaardenausstellung déi tëscht Mee an Oktober 2023 op dem Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg - haaptsächlech an der Péitruss, am Stater Park, am Pescatore Park, an de Quartiere Clausen, Gronn a Pafendall grad ewéi um Kierchbierger Plateau - organiséiert gëtt. Am Géigesaz zu änleche Manifestatiounen an Ausland ass d'LUGA, mat Ausnam vu bestëmmte Manifestatiounen, grondsätzlech gratis a fräi zougänglech.

D'LUGA 2023 soll net just eng reng Gaardenausstellung ginn, mä ë. a. sollen den Image vun de grénge Beruffer, de Gaardebau, de Wäibau a déi landwirtschaftlech Produiten aus dem Land an d'Vitrinn gestallt ginn. Et geet och drëm fir de Bewosstsinn fir méi Ekologie an de Stied an an den Dierfer eropzesetzen a fir de Sujet vun der Ëmwelterzéiung ze thematiséieren.

Et gëtt mat enger hallwer Millioun Visiteure gerechent[2].

Konzept a VeranstaltungsplazenÄnneren

Déi véier Haaptsujete sinn:

Natur a Gesellschaft: Stater Park, Pescatore-ParkÄnneren

Bedeelegung vun der Bevëlkerung beim Ubau vu Kulturplanzen op fräiwëlleger Basis, Promotioun vu Gemeinschaftsgäert, Manifestatiounen am Beräich Gesondheet a Sport, Schoulgäert, dynamesch Beliichtung.

Natur pur: PéitrussdallÄnneren

Renaturéierung der Péitruss, Aartendiversitéit an Ekologie, Verschéinerung ronderëm d'Haaptstroossen, Déiereschutz, Notze vum Waasser; Dekoratioun an Moderniséierung vun der Beliichtung am Aquatunnel.

Natur a Kultur: Clausen, Gronn a PafendallÄnneren

Verschéinerung vun der Festung, Naturereegnisser an de Kasematten, Manifestatioune ronderëm de Mansfeld an iwwer d'Rousen, Musekinstallatiounen, Beliichtung duerch regenerativ Energiequellen.

Natur a Stadentwécklung: KierchbiergÄnneren

Arboretummen, Geseems, Urban Greening, Vertical Greening an Zukunftstechnologien, Gréngs op den Diech an an de Bannenhäff.

OrganisatiounÄnneren

D'Gaardenausstellung gëtt vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a vun der Stad Lëtzebuerg an enker Zesummenaarbecht mam Ministère fir Tourismus, mam Ministère fir Kultur, der Inspection générale des finances an der Fédération horticole organiséiert.

Fir d'Manifestatioun op Basis vun enger étude de faisabilité vum Büro „Neumann & Gusenburger” vun 2016 ze plangen, ze organiséieren an ze betreien, gouf d'Asbl LUGA 2023 gegrënnt. Hire Verwaltungsrot besteet aus aacht Memberen, wouvun der véier vum Staat a véier vun der Stater Gemeng sinn. Dobäi kënnt nach e Member vun der Fédération horticole, deen awer just eng Beobachterfunktioun huet. D'Presidence vum Verwaltungsrot gëtt ofwiesselend fir ee Joer vun engem Member vum Staat a vun der Stad assuréiert. D'Asbl gëtt Enn 2025 opgeléist[3].

FinanzenÄnneren

De Budget vun der LUGA 2023 Asbl beleeft sech op 10 Milliounen Euro, déi zu gläichen Deeler vun der Stad Lëtzebuerg a vum Landwirtschaftsministère bäigesteiert ginn. Dës Sue gi fir d'Personal-, d'Verwaltungs- a Betribskäschten, fir d'Koordinatioun vun der LUGA, fir Hiwäisschëlter, fir d'Kommunikatiouns- an d'Ëffentlechkeetsaarbecht a fir d'Kofinanzéierung vu verschiddene Projete gebraucht.

LiteraturÄnneren

  • Diane Lecorsais, Eine Vitrine für das Grüne - Von Mai bis Oktober 2023 soll die Luxemburger Gartenschau Bürger und Besucher begeistern am Luxemburger Wort vum 19. Juli 2019, S. 19 an ënnert dem Titel Eine Gartenschau für Luxemburg op wortl.lu

Um SpaweckÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. dëst ass just a provisoreschen Aarbechtstitel; den offiziellen Numm soll eréischt méi spéit bekannt gemaacht ginn.
  2. Erste große nationale Gartenschau im Jahr 2023 in Luxemburg-Stadt! op gouvernement.lu, fir d'lescht gekuckt den 20. Juli 2019
  3. LUGA 2023 A.s.b.l. agedroen de 27. Juni 2019 am Handelsregëster ënnert der Nummer F12354; gekuckt op lbr.lu den 20. Juli 2019