Literatur zu Lëtzebuerg

(Virugeleet vu(n) Lëtzebuergesch Literatur)
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Literatur zu Lëtzebuerg bléckt am Verglach zu eise Nopeschlänner op eng relativ kuerz Geschicht zeréck. Een eenzegt Wierk aus eise Géigenden ass eis aus dem Mëttelalter iwwerliwwert ginn, de biographesche Versepos iwwer d'Yolanda vu Veianen, wat géint 1290 vum Benediktiner Hermann von Veldenz (????-1308) geschriwwe gouf. Ofgesinn dovu gëtt den Ufank vun enger lëtzebuergescher nationaler Literatur op déi éischt Hallschent vum 19. Joerhonnert datéiert.

Bild 1. Dat éischt Buch op Lëtzebuergesch: E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus, vum Anton Meyer, 1829.

1829 kënnt dat éischt literarescht Wierk op Lëtzebuergesch eraus: de Gedichtband E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus vum Mathematikprofesser Antoine Meyer (1801-1857). Zéng Joer drop ënnerschreiwen d'Groussmuechten den 19. Abrëll 1839 de Vertrag vu London, deen d'Grenze vun eisem Land definitiv op dat Gebitt festleet, an deem eenheetlech Lëtzebuergesch geschwat gëtt. Vun elo un entsteet e lëtzebuergescht Nationalgefill. Op dëse Fëllementer entwéckelt sech dunn eng Literatur op Lëtzebuergesch.

Déi dräi Klassiker vun der lëtzebuergescher Literatur änneren

Dës dräi Auteure vun der éischter Generatioun no 1839, déi haaptsächlech op Lëtzebuergesch schreiwen, gëllen haut als Klassiker vun der lëtzebuergescher Literatur:

  • de Michel Lentz (1820-1893), an deem sengen Texter a Lidder patriotesch Gefiller erauskléngen (déi Lëtzebuerger Nationalhymn „Ons Heemecht", „De Feierwon“, „Wé méng Mamm nach huôt gesponnen“);
  • den Edmond de la Fontaine (1823-1891), besser bekannt ënner sengem Spëtznumm Dicks, geet als Grënner vum lëtzebuergeschen Theater an d'Geschicht an;
  • de Michel Rodange (1827-1876), deen 1872 de lëtzebuergeschen Nationalepos ënner dem Titel „Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma’nsgrëßt“ publizéiert.

Parallel dozou entsteet eng lëtzebuergesch Literatur op Franséisch[1] an op Däitsch.

Däitschsproocheg Literatur änneren

Den Nikolaus Welter (1871-1951) gëllt als den éischte Vertrieder vun enger däitschsproocheger Literatur zu Lëtzebuerg: „Die Söhne des Öslings“ (1904), „Hochofen“ (1913). Hie gëllt als éischte Literaturhistoriker an eisem Land.

Nieft him ass de Batty Weber (1860-1940) ze nennen, deen nieft Romaner („Fenn Kass“, 1913) virun allem Feuilletone schreift, sou säin Abreißkalender, deen tëscht 1913 an 1940 bal all Dag an derLuxemburger Zeitung erschéngt.

Wichteg bleift och den Nikolaus Hein (1889-1969), Auteur ë. a. vum Roman Der Verräter, deen d'Schicksalsjoren 1830-1839 behandelt. Den Nik. Hein huet och als Lyriker vill Gedichter op Däitsch an op Lëtzebuergesch verfaasst.

Follgend zwéi lëtzebuergesch Auteuren hunn hiert Gléck am Ausland gesicht:

  • den Norbert Jacques (1880-1954) studéiert no der Première zu Bonn, schafft als Journalist zu Hamburg a Berlin, éiert hie vun 1906 un uechtert d'Welt reest. Seng Andréck verschafft hien a senge Reesromaner an Aventuren, déi beim däitsche Public gutt ukommen an a villen Oploen erauskommen. Berüümt gëtt den Norbert Jacques 1921 mat sengem Roman "Dr. Mabuse, der Spieler", deen am Joer drop vum Fritz Lang verfilmt gëtt. Zu Lëtzebuerg ass den Norbert Jacques iwwer Joerzéngten eng Persona non grata, well hie sech, nodeem den Hitler un d'Muecht geroden ass, op d'Säit vun den Nazie stellt an a verschidde Wierker mat sengem Heemechtsland ofrechent, z. B.:
    • am Roman „Der Hafen“, 1910. Zitat: „Es ist mir oft, als hätte ich einen Hass, mächtig genug, das ganze kleine verfluchte Land zwischen den Händen zu erwürgen“.
    • am Roman „Die Limmburger Flöte", 1929. Zitat: Bericht über Pierre Nocké den berüümten Musikus aus Limmburg, der auf einer Flöte blasen konnte, die er sich nicht erst zu kaufen brauchte“
  • den Alexander Weicker (1893-1983), deen nom éischte Weltkrich säin eenzege Roman zu München publizéiert: „Fetzen: Aus der abenteuerlichen Chronika eines Überflüssigen“.

Franséischsproocheg Literatur änneren

Bedeitend Wierker op Franséisch hannerloosse follgend lëtzebuergesch Auteuren:

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. den éischte lëtzebuergeschen Auteur, deen op Franséisch schreift, de Félix Thyes (1830 -1855). Säin éischte Roman „Marc Bruno: profil d'artiste“ erschéngt posthum kuerz no sengem Doud.