Lëtzebuerger Operen
Un d'Kompositioune vu Lëtzebuerger Operen hu sech nëmmen e puer Komponisten erugewot.
Hei si Beispiller vu Lëtzebuerger Operen:
- Griselinde: eng Lëtzebuerger Oper, vun där den Alfred Kowalsky d'Musek geschriwwen huet an déi op e Wierk (een Drama), mat dem selwechten Numm zeréckgräift, dat den Nik Welter 1901 geschriwwen huet. 1918 ass dës Oper fir d'éischt zu Lëtzebuerg opgeféiert ginn.
- Der Rinderwahn oder Poveretti wird singen, eng Oper vum Camille Kerger nom Liberetto vum Nico Helminger.
- Die Todesbrücke, eng Oper vum Alex Müllenbach no engem Libretto vun der Sanja Bilić an dem Dževad Karahasan
- D'Oper "Il Signor Drago", (1995) huet de Camille Kerger am Optrag vum "Théâtre du Millénaire, Luxembourg" komponéiert; si gouf 1997 am Théâtre du Capitole zu Toulouse nei inszenéiert.
- D'Oper "MELUSINA": Kammeroper fir 5 Solisten a Kammerensemble mat 16 Museker (1995) ass och vum Camille Kerger komponéiert ginn.
- 2003 gouf d'Kammeroper "Ein Mond aus kochender Milch" vum Camille Kerger (Musek) an Nico Helminger (Text) fir 3 Sänger, 4 Instrumentisten an Elektronik a Coproduktioun mam TNL an der Kulturfabrick Esch uropgefouert.
- Flintenzauber, eng Oper vum Nico Helminger a Camille Kerger, gouf 2007 zu Münster uropgeféiert.