Lëtzebuerger Constitutioun

(Virugeleet vu(n) Lëtzebuerger Konstitutioun)

Déi haiteg Lëtzebuerger Constitutioun (oder Lëtzebuerger Verfassung) geet zeréck op d'Joer 1868. Se definéiert den Opbau vum Staat, organiséiert de Fonctionnement vu sengen Institutiounen an hält d'Rechter an d'Fräiheete vun de Bierger fest. D'Constitutioun déi sech staark un der Belscher Constitutioun vun 1831 orientéiert, gouf de 17. Oktober 1868 publizéiert[1].

Lëtzebuerger Verfassung vun 1868
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

No enger Partie Ännerungen am Laf vun de Joren, gouf et vun 2021 un eng méi grouss Revisioun vun der Lëtzebuerger Constitutioun, déi schlussendlech mat der Publikatioun vum neie Gesetzestext den 18. Januar 2023 ofgeschloss war. Déi nei Constitutioun gëllt zanter dem 1. Juli 2023.

Historique änneren

Lëtzebuerg ënnert der hollännescher a belscher Constitutioun änneren

An den éischte Joerzéngten no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg als onofhängege Staat – an der Folleg vum Wiener Kongress vum 9. Juni 1815 – gouf et eng gewëssen Instabilitéit um constitutionelle Plang. Wéi 1815 dat hollännescht Grondgesetz ((nl) Grondwet) agefouert gouf, war dat och zu Lëtzebuerg applikabel, dëst well d'Groussherzogtum Lëtzebuerg – op Basis vum Wiener Vertrag –  ënner déi selwecht Souveränitéit wéi Holland gefall ass, mat Ausnam vu senge Bezéiungen zum Däitsche Bond.

No der belscher Revolutioun vun 1830 déi zur Grënnung vun engem onofhängege Kinnekräich Belsch geféiert huet, ass 1831 déi belsch Constitutioun a Kraaft getrueden, déi d'Kinnekräich ë. a. an néng Provënzen opgedeelt huet. Eng dovu war d'Provënz Lëtzebuerg[2], woumat déi belsch Verfassung – mat Ausnam vun der Festung Lëtzebuerg – och bei eis gëlteg war.

D'Constitutioun vun de Stänn vun 1841 änneren

D'Constitutioun vun de Stänn ((fr) constitution d'états, (de) Ständeverfassung) vum 12. Oktober 1841 war déi éischt Lëtzebuerger Constitutioun déi agefouert gouf[3], zwee Joer, nodeem den Traité vu London de franséischsproochegen Deel vu Lëtzebuerg als Province de Luxembourg der Belsch zougesprach huet, an ee Joer, nodeems de Wëllem II. Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg gi war.

 
Titelsäit vun der Verfassung vun 1848.

D'Constitutioun vun 1848 änneren

De Groussherzog Wëllem II. huet den 20. Mäerz 1848 eng Revisioun vun der Constitutioun vun de Stänn an d'Weeër geleet[4]. Den neien Text dee sech am grousse Ganzen un der belscher Constitutioun vun 1831 orientéiert huet, gouf vun der Constitutiounsversammlung ausgeschafft[5], den 23. Juni 1848 vun de Stänn gestëmmt an den 9. Juli 1848 vum Groussherzog ënnerschriwwen[6].

D'Constitutioun vun 1856 änneren

De Kinnek-Groussherzog Wëllem III. huet d'Constitutioun vun 1848 als ze vill liberal gesi well se seng Rechter ageschränkt huet. Hie war der Meenung, datt se géint fundamental Prinzippie vum Däitsche Bond verstousse géif. 1853 huet hien eng nei Regierung nominéiert déi der Chamber 1856 e reforméierte Verfassungstext virgeluecht huet. D'Chamber huet awer refuséiert den neien Text z'analyséieren an huet der Regierung hiert Mësstrauen ausgeschwat. De Wëllem III. huet dat als Virwand benotzt fir de 27. November 1856 e Staatsstreech ze maachen, andeems en d'Chamber opgeléist an eng nei Constitutioun ordonéiert huet, mat där déi demokratesch Tendenzen aus där vun 1848 ofgeschaaft goufen[7].

Mat der neier Constitutioun gouf ë. a. d'Souveränitéit vum Kinnek-Groussherzog nees hiergestallt, d'Attributioune vun der Chamber goufe reduzéiert an de Walsystem gouf g'ännert. Dobäi koum et och nach zu enger Aschränkung vun der Pressefräiheet an dem Versammlungsrecht[8]. Op der aner Säit gouf mat der neier Verfassung vun 1856 awer och eppes agefouert wat bis haut bestoe blouf: Am Wëllem III. sengen Ae war déi Lëtzebuerger Constitutioun ze vill demokratesch par Rapport zur belscher, well se en Eekummersystem virgesinn huet. Fir dem Feele vun enger zweeter Kummer entgéintzewierken an déi iwwermächteg Verwaltung ze bremsen, huet de Kinnek-Groussherzog mat der neier Constitutioun e consultatiivt Organ, de Staatsrot ageféiert, deen zanterhier d'Funktioun huet, an der legislativer Prozedur säin Avis ofzeginn.

D'Constitutioun vun 1868 änneren

Nodeems den Däitsche Bond 1866 opgeléist gouf, haten eng ganz Partie Bestëmmungen aus der Constitutioun vun 1856 keng Basis méi. Doduerch datt de Londoner Traité vun 1867 Lëtzebuerg als onofhängeg an neutral erkläert huet, war et néideg, datt en neie Verfassungstext ausgeschafft géif.

D'Constitutioun vun 1868 huet gréisstendeels d'Texter aus där vun 1848 iwwerholl, mam Ënnerscheed, datt dem neien internationale Status vum Groussherzogtum Rechnung gedroe gouf. All fréier Verknëppunge mam Däitsche Bond goufe gestrach, d'Neutralitéit vum Land gouf festgeschriwwen an de Staatsrot gouf confirméiert.

Ënnert der Herrschaft vum Wëllem III. sengen Nofollger Adolphe (1890-1905), Wëllem IV. (1905-1912) a Marie-Adélaïde gouf et keng constitutionell Ännerungen an am Fong ass d'Constitutioun vum 17. Oktober 1868[9] déi Constitutioun, déi haut nach gëllt, och wa s'eng sëllegmol ugepasst gouf. Déi lescht Ännerung ass vum 20. Oktober 2016[10].

Revisioun vun 1919 änneren

Nom Éischte Weltkrich stouch d'Lëtzebuerger Land an enger déiwer politesch-moralescher Kris, sief et um nationale wéi och um internationale Plang, absënns well et nach mat glëschteregen Noperen ze dinn hat, déi sech de Lëtzebuerger Territoire – direkt oder indirekt – uneegne wollten. Am November 1918 hunn déi Liberal an d'Sozialisten an der Chamber gefuerdert, d'Groussherzogin Marie-Adelheid ofzesetzen, well dës sech an d'Regierungsgeschäfter agemëscht hätt an ze däitschfrëndlech gewiescht wier. Den 13. November 1918 huet Chamber an engem Ordre du jour festgehalen, datt e Referendum iwwert d'Fro vun der Dynastie sollt ofgehale ginn.

Den 9. Januar 1919 koum et zu enger Zort Revolutioun, wéi eng Rëtsch Dynastie-Géigner – déi sech als Action républicaine ausginn hunn – eng Republik ausgeruff hunn. D'Manifestatioun um Knuedler gouf vu franséischen Truppen opgeléist a well e Groussdeel vun der Bevëlkerung sech net duerch d'Manifestatioun beandrocke gelooss huet, hat d'Regierung d'Situatioun bannent zwéin Deeg nees am Grëff.

Ugëeekelt wéinst den Ugrëff op hir Persoun a well se sech och vu verschiddenen auslännesche Staatscheffen net verstane gefillt huet, huet d'Marie-Adelheid ofgedankt; hir Schwëster Charlotte gouf déi nei Grande-duchesse.

Den 12. Mäerz 1919 huet d'Chamber mat 30 géint 20 Stëmmen (d'Sozialisten an déi Liberal) beschloss, e Referendum iwwer déi zukünfteg Staatsform ofzehalen, woubäi et am Fong drëm goung, erauszefannen ob d'Lëtzebuerger d'Monarchie wéilte bäibehalen oder léiwer eng Republik wéilten. De Referendum gouf den 28. September 1919 ofgehalen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Referendum vum 28. September 1919 iwwer de Statut vum Land.

Nach virum Referendum, de 15. Mee 1919, huet d'Chamber fir wichteg Ännerungen an der Constitutioun gestëmmt: de Litige ass tranchéiert ginn, wou de Sëtz vun der Souveränitéit leie géif, beim Grand-Duc oder bei der Natioun. Et ass drastoe komm, dass d'Souveränitéit bei der Natioun läit[11]. Dat fräit allgemengt Walrecht nom Proporzsystem fir Männer a Fraen ass verankert ginn[12], d'politesch Pouvoire vum Grand-Duc ginn zeréckgeschnidden a geheim Traitéë ginn ofgeschaaft[13] an d'Deputéiert kréien eng järlech Indemnitéit vu maximal 4.000 Frang zougestanen[14]. De Projet fir den Art. 114 z'änneren an dem Vollek iwwert e Referendum méi Matsproocherecht bei de Verfassungsännerungen ze ginn, ass net ëmgesat ginn[15].

Revisioun vun 1948 änneren

Nom Enn vum Zweete Weltkrich huet d'Assemblée consultative – déi an d'Liewe geruff gi war well d'Chamber hir constitutionell Aufgaben net erfëlle konnt – de 14. September 1945 festgehalen, datt eng Rëtsch Ännerungen an der Constitutioun gemaach misste ginn. D'Assemblée huet deementspriechend 28 Gesetzer gestëmmt[16] a gouf duerno opgeléist, wéi dat sengerzäit nach am Artikel 114 vun der Verfassung virgesi war[17].

Déi nei Chamber déi aus de Wale vum 21. Oktober 1945 ervirgaangen ass, huet 1948 – zesumme mat der Grande-Duchesse – iwwert déi proposéiert Ännerunge vun der Constitutioun debattéiert. Se hu festgestallt, datt de Statut vun der „éiweger Neutralitéit“ wéi en am Artikel 1 vun der Verfassung stoung[18] net méi bäibehale kéint ginn, fir d'Bestoe vum Land am Fall vun engem arméierte Konflikt ze garantéieren. Aner Bestëmmungen déi g'ännert sollte ginn, hunn ë. a. den Indigenat, de Gebrauch vun de Sproochen, de Grand-Duc, d'Walgesetz an d'Chamber betraff. Eng Rei Artikelen, déi och fir eng Revisioun virgesi waren, blouwen awer onverännert. Net manner wéi 15 Artikele goufe g'ännert, op Basis vun de Revisioune vum 28. Abrëll[19], 6. Mee[20], 15. Mee[21] an 21. Mee[22].

Revisioun vun 1956 änneren

D'Experienzen aus den zwou globale Katastrophen hunn d'Entwécklung vun den internationale Bezéiungen nom Krich beaflosst. De staatlechen Individualismus, deen duerch déi national Souveränitéit gekennzeechent ass, trëtt a gewësser Weis an den Hannergrond. Doduerch datt et dem Grand-Duché erméiglecht gouf, an internationale Verträg opgeholl ze ginn, duerch déi iwwernational Autoritéite geschaaft goufen, war et néideg, eenzel Artikele vun der Verfassung z’änneren. Et goung absënns ëm d'Artikelen 32 a 37 iwwer d'souverän Muecht.

No den zwéi Weltkricher koumen ëmmer méi international Relatiounen op an et gouf ee sech bewosst, datt de staatlechen Individualismus mat der nationaler Souveränitéit net kéint bäibehale ginn. Absënns waren auslännesch Traitéen a Conventioune néideg fir eng gewëssen ekonomesch Integratioun ze garantéieren. Fir deemno méi einfach international Affäre reegele ze kënnen, huet d'Chamber den 29. Abrëll 1954 d'Noutwennegkeet festgehalen, absënns d'Artikelen 32 a 37 iwwer d'souverän Muecht unzepassen. Do dernieft goufen och nach aner Upassunge proposéiert. No der Deklaratioun gouf d'Chamber opgeléist[17].

D'Chamber déi aus de Wale vum 30. Mee 1954 ervirgaangen ass, huet 1956 mat de Gesetzer vum 27. Juli[23] a 25. Oktober[24] déi néideg Verfassungsännerung gestëmmt. De geännerten Artikel 56 huet elo festgehalen, datt d'Deputéiert fir fënnef Joer gewielt ginn; virdru goufe se fir sechs Joer gewielt an all dräi Joer gouf d'Hallschent vun der Chamber erneiert.

Revisioun vun 1972 änneren

D'Revisioun vun 1972 hat den Zweck fir de Mindestalter bei de Walen – wéi en zanter 1919 bestoung – erofzesetzen. Fir däerfe stëmmen ze goen (aktiivt Walrecht) gouf den Alter vun 21 op 18 Joer a fir däerfe gewielt ze ginn (passiivt Walrecht) vu 25 Joer op 21 Joer erofgesat.

D'Deklaratioun fir eng Verfassungsännerung huet d'Chamber de 4. November 1968 gemaach. D'Chamber gouf doropshin opgeléist[17] an déi nei Chamber huet d'Ännerung vum Artikel 52 de 27. Januar 1972 gestëmmt[25].

Revisioun vun 1979 änneren

De 15. Mee 1974 huet d'Chamber deklaréiert, néng Artikele vun der Constitutioun deelweis oder ganz änneren ze wëllen a gouf duerno opgeléist[17]. No de Wale vum 26. Mee 1974 huet déi nei Chamber awer just d'Ännerungsvirschléi fir dräi Artikelen zeréckbehalen, déi den 13. Juni 1979 gestëmmt goufen[26][27][28]. Bei den Ännerungen goung et haaptsächlech ëm d'Opdeelung vun de Walbezierker an de Gemengen.

Revisioun vun 1983 änneren

D'Chamber huet den 23. Mee 1979 eng Deklaratioun ofgi fir e puer Artikele vun der Constitutioun z'änneren a se gouf doropshin d'office opgeléist[17]. D'Chamber déi duerno aus de Walen ervirgaangen ass, huet den 25. November 1983 d'Ännerungen ugeholl déi haaptsächlech den Text vum Eed betreffen, deen de Grand-Duc, d'Deputéiert oder d'Fonctionnaire ofleeë mussen. Absënns d'Textpassage « Ainsi Dieu me soit en aide » ass ewech gefall[29][30][31][32].

Revisioune vun 1988 bis 2009 änneren

Vun 1988 u goufen d'Verfassungsrevisiounen an engem héijen Tempo duerchgefouert, sou datt d'Constitutioun bannent zwanzeg Joer – tëschent 1988 an 2008 – duerch 24 verschidde Gesetzestexter g'ännert gouf.

Zu de wichtegste Sujeten déi g'ännert goufen, zielen – a chronologescher Reiefolleg – dës Revisiounen[33]:

  • d'Reform vum Staatsrot, d'Schafe vum Verwaltungsgeriicht a vum Verfassungsgeriicht mam Gesetz vum 12. Juli 1996[34];
  • d'Confirmatioun datt d'Doudesstrof déi mam Gesetz vun 1979[35] ofgeschaaft gi war, net méi agefouert ka ginn (Revisioun vum 29. Abrëll 1999[36]);
  • d'Reform vum Artikel 105 iwwert de Rechnungshaff mam Gesetz vum 2. Juni 1999[37];
  • d'Schafe vun der Verfassungsgrondlag fir d'Approbatioun vum Statut vum Internationale Strofgeriichtshaff mam Gesetz vum 8. August 2000[38];
  • d'Revisioun vun 2003 mat der Ännerung vum Artikel 114 iwwert d'Prozedur wéi d'Verfassung ëmg'ännert ka ginn.

Den deemolegen Artikel 114 hat säin Ursprong an der liberaler Verfassung vun 1848. D'Absicht vun den Auteure war et, fir ze verhënneren datt déi iewescht national Rechtsnorm liichtfankeg op e politesche Coup de tête hin, jee no politescher Konstellatioun, séier ëmgeännert kéint ginn. Et ass den Auteuren drëm gaange fir eng grouss Stabilitéit vum Verfassungstext ze garantéieren. Duerfir gouf eng Opléisung vum Parlament an eng Zweedrëttelmajoritéit vun de Suffragë festgehalen[11].

Mam neien Text sollt dofir gesuergt ginn, datt d'Verfassungsrevisiounen an der Zukunft méi einfach an och méi transparent geschéie kënnen. Et sollt méi Flexibilitéit an en traditionell rigide Revisiounsprozess erakommen. Gläichzäiteg sollt et méiglech ginn e Verfassungsreferendum, d'Befroung vun de Leit zu enger Verfassungsännerung op Ufro vun enger staarker Parlamentsminoritéit respektiv enger bestëmmten Unzuel vu Wieler z'organiséieren[11].

Mam neien Artikel 114 soll garantéiert ginn, datt d'Verfassung och an der Zukunft mat der néideger Serenitéit a Seriositéit duerchgefouert gëtt, mat strenge Majoritéitsreegelen: Zwéin Drëttel vun de gewielten Deputéierte musse mat „Jo“ stëmmen (qualifizéiert Majoritéit), sou datt iwwert d'Stäerkt vun de jeeweilege Regierungsmajoritéiten eraus, eigentlech nach en Accord mat anere Parlamentsmembere fonnt muss ginn[11].

D'Gesetz fir d'Ännerung vum Artikel 114 ass den 19. Dezember 2003 gestëmmt ginn[39].

Revisioun vun 2016 änneren

Gesetz vum 18. Oktober 2016 mat deem gereegelt gëtt a wat fir enge Fäll de Grand-Duc e Reglement oder Arrêté huelen däerf dee sech op e Gesetz bezitt[45].

Revisioun vun 2017 änneren

Gesetz vum 13. Oktober 2017 mat Upassunge vum Artikel 32 iwwert den Ausnamezoustand[46].

Revisioun vun 2019 änneren

Bei der Revisioun vun 2019 goung et drëm den Artikel 95ter iwwer d'Verfassungsgeriicht (Cour constitutionnelle) z'änneren, absënns datt Suppleante fir d'Riichter virgesi kënne ginn, am Fall wou d'Geriicht net siegéiere kann.

D'Verfassungsgeriicht besteet net aus Vollzäitriichter, mä et sinn haaptsächlech Riichter aus anere Juridictiounen. Wann elo eng Juridictioun e Renvoi vun enger Affär bei d'Cour constitutionnelle prononcéiert, kann et virkommen, datt Riichter aus der éischter Juridictioun och um Verfassungsgeriicht sëtzen, an et dann net méiglech ass datt d'Cour constitutionnelle siegéiert, well et en Interessekonflikt gëtt[47]. Gesetz fir d'Ännerung gouf de 6. Dezember 2019 gestëmmt[48].

Revisioun vun 2020 änneren

Am Artikel 95ter gouf mam Gesetz vum 15. Mee 2020[49] en Zousaz bäigesat fir de Fall datt d'Verfassungsgeriicht e Gesetz als net konform zur Verfassung deklaréiert.

Revisiounsprojet änneren

Tëscht 2004 an 2009 goufen Ännerungsvirschléi vun der Commission des institutions et de la révision constitutionnelle ausgeschafft an den 21. Abrëll 2009 vum Paul-Henri Meyers, hirem President, virgeluecht ginn[50]. Iwwer si soll d'Chamber ofstëmmen, déi aus de Wale vum 7. Juni 2009 ervirgaangen ass. Dozou ass et awer net komm, an du war et un der Chamber déi aus de Wale vum 20. Oktober 2013 ervirgoung, eng nei Verfassung virzeleeën an driwwer ofzestëmmen. Zu verschiddene Froen huet d'Regierung Bettel-Schneider decidéiert, de 7. Juni 2015 e Referendum ofhalen ze loossen. Am Virfeld war d'Verfassungskommissioun vun der Chamber sech schonn driwwer eens ginn, duerch en neien Artikel 117 d'Artikele 26 an 106 ofzeschafen an z'ersetzen, an deenen et ëm d'Bezéiungen tëscht Reliounen a Staat geet[51].

D'Constitutioun selwer schreift an hirem Artikel 131 vir[52], wéi se geännert ka ginn: D'Chamber, déi dat wëlles huet, muss zweemol iwwer de selwechten Text ofstëmmen an engem Intervall vun dräi Méint. Dofir mussen op d'mannst zwee Drëttel fir d'Ännerunge stëmmen.

Par Rapport zum System vu virun 2004, no deem d'Chamber déi eng Constitutiounsännerung wëlles hat fir d'éischt huet missen deklaréiere wat fir Artikele geännert solle ginn, a sech dann huet missen opzeléisen (a sief et och just wa souwisou geschwë Walen ustoungen), an nëmmen déi nei gewielt Chamber iwwer déi vun hirer Virgängerin bestëmmt Artikele mat enger zwee Drëttel Majoritéit fir Ännerunge stëmme konnt, ass deen neie System sou "liicht", datt d'Constitutioun bal op den Niveau vum engem einfache Gesetz gefall ass.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Revisioune vun der Lëtzebuerger Constitutioun 2021-2023.

Opbau vun der aktueller Constitutioun änneren

 
Virun der Chamber: Gedenktafel zum Akraafttriede vun der neier Constitutioun den 1. Juli 2023

D'Constitutioun vun 2023 besteet aus 132 Artikelen, déi an 12 Kapitelen opgedeelt sinn a beschreift, wat d'Land ausmécht, wat de Bierger hir Rechter a Fräiheete sinn, a wéi d'Muecht am Staat verdeelt ass.

Déi eenzel Kapitelen hunn dës Theemen:

Kapitel Artikel lëtzebuergesch offiziell franséisch Bezeechnung
I 1 - 8 Iwwer de Staat, säin Territoire a seng Awunner De l'État, de son territoire et de ses habitants
II 9 - 43 Iwwer d'Rechter a Fräiheeten Des droits et libertés
III 44 - 61 Iwwer de Groussherzog Du Grand-Duc
IV 62 - 86 Iwwer d'Chamber vun den Deputéierten De la Chambre des Députés
V 87 - 94 Iwwer d'Regierung Du Gouvernement
VI 95 - 96 Iwwer de Staatsrot Du Conseil d'État
VII 97 - 112 Iwwer d'Justiz De la Justice
VIII 113 - 120 Iwwer verschidde Bestëmmunge fir d'Verwaltung vum Staat De certaines dispositions relatives à l'administration de l'État
IX 121 - 127 Iwwer d'Gemengen Des communes
X 128 - 129 Iwwer d'ëffentlech Etablissementer an d'Beruffsorganer Des établissements publics de l'État et des organes professionnels
XI 130 - 131 Iwwer d'Revisioun vun der Constitutioun De la révision de la Constitution
XII 132 Iwwergangsbestëmmungen Dispositions transitoires

Prozedur fir eng Verfassungsrevisioun änneren

Fir d'Revisioun vun der Constitutioun gëllt eng méi komplex Prozedur wéi fir d'Modifikatioun vun engem einfache Gesetz. Et geet nämlech drëm, dem Verfassungstext, dee jo vu fundamentaler Bedeitung ass, eng maximal Stabilitéit ze ginn.

Fir all Revisioun vun der Constitutioun sinn zwee separat Votten noutwendeg, tëschent deenen en Zäitraum vun op d'mannst dräi Méint leie muss. Fir béid Votten ass eng Zweedrëttelmajoritéit néideg an de Vote par procuration ass net zougelooss. Den zweete Vott kann duerch e Referendum ersat ginn, wann ee Véierel vun den Deputéierten, also op d'mannst 16 Deputéiert, oder awer 25.000 Wieler dat froen.

Gëtt d'Revisioun vun der Constitutioun net vun de Wieler acceptéiert, da ginn och d'Modifikatiounen net zeréckbehalen. D'Constitutioun gëtt an deem Fall also net geännert[53].

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Majerus, P., Majerus, M., L'État Luxembourgeois : Manuel de droit constitutionnel et de droit administratif. 5e éd., complétée et mise à jour., 1983, imprimerie centrale, Luxembourg

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Europäisches Justizportal - Recht der Mitgliedstaaten. e-justice.europa.eu. Gekuckt de(n) 2022-01-21.
  2. den haitege Grand-Duché an déi belsch Provënz Lëtzebuerg ware vun 1815 bis 1839 ee Ganzt
  3. Ordonnance royale grand-ducale du 12 octobre 1841, N° 20, portant Constitution d'Etats pour le Grand-Duché de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu (12.10.1841). Gekuckt de(n) 21.01.2022.
  4. Arrêté royal grand-ducal du 20 mars 1848, N° 12, ordonnant la révision de la Constitution d'États. - Legilux. legilux.public.lu (20.03.1848). Gekuckt de(n) 21.01.2022.
  5. Kuck: Bumb, Christoph, 2011. Verfassungsgeschichte: Das liberal-parlamentarische Experiment von 1848 in Luxemburg. Lëtzebuerger Journal 2011, Nr. 214 (5./6.) November, S. 5. [1]
  6. Constitution du 9 juillet 1848 du Grand-Duché de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu (09.07.1848). Gekuckt de(n) 21.01.2022.
  7. Ordonnance royale grand-ducale du 27 novembre 1856 portant révision de la constitution. - Legilux. legilux.public.lu (27.11.1856). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  8. Ordonnance royale du 2 décembre 1856
  9. Loi du 17 octobre 1868 portant révision de la Constitution du 27 novembre 1856. - Legilux. legilux.public.lu (17.10.1868). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  10. Loi du 18 octobre 2016 portant révision de l'article 32, paragraphe 3 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (18.10.2016). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  11. 11,0 11,1 11,2 11,3 Alex Bodry, 4765 - Proposition de révision de l'article 114 de la Constitution – Rapport de la Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  12. Loi du 15 mai 1919 portant révision de l'article 52 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (15.05.1919). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  13. Loi du 15 mai 1919 portant révision de l'article 37 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (15.05.1919). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  14. Loi du 15 mai 1919 portant révision de l'article 75 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (15.05.1919). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  15. Loi du 19 octobre 1919 portant révision de l'article 114 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (19.10.1919). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  16. Lois du 14 septembre 1945 portant révision de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (14.09.1945). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  17. 17,0 17,1 17,2 17,3 17,4 « Le pouvoir législatif a le droit de déclarer qu'il y a lieu de procéder à la révision de telle disposition constitutionnelle qu'il désigne. – Après cette déclaration, la Chambre est dissoute de plein droit. »
  18. « Le Grand-Duché de Luxembourg forme un État indépendant, indivisible et inaliénable et perpétuellement neutre »
  19. Revision de l'article 1er de la Constitution - Legilux. (kuckt och aner Gesetzer mam selwechten Datum). legilux.public.lu (28.04.1948). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  20. Révision des articles 10,29,34,43,44,53,60,72 et 75 de la Constitution. (Art. 75) - Legilux. (kuckt och aner Gesetzer mam selwechten Datum). legilux.public.lu (10.05.1948). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  21. Loi du 15 mai 1948 portant révision de l'article 54 de la Constitution. - Legilux. (kuckt och aner Gesetzer mam selwechten Datum). legilux.public.lu (15.05.1948). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  22. Révision de la Constitution - Art. 11. - Legilux. (kuckt och aner Gesetzer mam selwechten Datum). legilux.public.lu (29.05.1948). Gekuckt de(n) 2022-01-23.
  23. Loi du 27 juillet 1956 portant révision de l'article 56 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (27.07.1956). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  24. Révision de la Constitution-art. 37 - Legilux. legilux.public.lu (25.10.1956). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  25. Loi du 27 janvier 1972 portant revision de l'article 52 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (27.01.1972). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  26. Loi du 13 juin 1979 portant revision de l'article 51, alinéa 6, de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (13.06.1979). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  27. Loi du 13 juin 1979 portant revision de l'article 107 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (13.06.1979). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  28. Loi du 13 juin 1979 portant revision de l'article 116, dernier alinéa, de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (13.06.1979). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  29. Loi du 25 novembre 1983 portant révision de l'article 5 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (25.11.1983). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  30. Loi du 25 novembre 1983 portant révision de l'article 8 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (25.11.1983). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  31. Loi du 25 novembre 1983 portant révision de l'article 57 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (25.11.1983). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  32. Loi du 25 novembre 1983 portant révision de l'article 110 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (25.11.1983). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  33. Proposition de révision portant modification et nouvel ordonnancement de la Constitution – Exposé ds motifs. www.chd.lu (15.05.2009). Gekuckt de(n) 24.01.2022.
  34. Loi du 12 juillet 1996 portant révision de l'article 95 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (12.07.1996). Gekuckt de(n) 24.01.2022.
  35. Loi du 20 juin 1979 portant abolition de la peine de mort. - Legilux. legilux.public.lu (20.06.1979). Gekuckt de(n) 24.01.2022.
  36. Loi du 29 avril 1999 portant révision des articles 18 et 118 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (29.04.1999). Gekuckt de(n) 24.01.2022.
  37. Loi du 2 juin 1999 portant révision de l'article 105 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (02.06.1999). Gekuckt de(n) 24.01.2022.
  38. Loi du 8 août 2000 portant révision de l'article 118 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (08.08.2000). Gekuckt de(n) 24.01.2022.
  39. Loi du 19 décembre 2003 portant révision de l'article 114 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (19.12.2003). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  40. 40,0 40,1 Loi du 1er juin 2006 portant révision de l'article 69 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (01.06.2006). Gekuckt de(n) 25.01.2022.
  41. Loi du 29 mars 2007 portant 1. révision des paragraphes (1), (3), (4), (5) et (6), alinéa 1er de l'article 11 de la Constitution; 2. création d'un article 11bis nouveau de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (29.03.2007). Gekuckt de(n) 25.01.2022.
  42. Loi du 31 mars 2008 portant création d'un article 32bis nouveau de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (31.03.2008). Gekuckt de(n) 25.01.2022.
  43. Loi du 23 octobre 2008 portant révision de l'article 9, alinéa 1er de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (23.10.2008). Gekuckt de(n) 25.01.2022.
  44. Loi du 12 mars 2009 portant révision de l'article 34 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (12.03.2009). Gekuckt de(n) 25.01.2022.
  45. Loi du 18 octobre 2016 portant révision de l'article 32, paragraphe 3 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (18.10.2016). Gekuckt de(n) 25.01.2022.
  46. Loi du 13 octobre 2017 portant révision de l'article 32, paragraphe 4 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (13.10.2017). Gekuckt de(n) 25.01.2022.
  47. Léon Gloden, Proposition de révision de l'article 95ter de la – Rapport de la Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle. www.chd.lu (2018). Gekuckt de(n) 24.01.2022.
  48. Loi du 6 décembre 2019 portant révision de l'article 95ter de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (06.12.2019). Gekuckt de(n) 25.01.2022.
  49. Loi du 15 mai 2020 portant révision de l'article 95ter de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (15.05.2020). Gekuckt de(n) 24.01.2022.
  50. 6030 - Proposition de révision portant instauration d'une nouvelle Constitution. www.chd.lu (21.04.2009). Gekuckt de(n) 21.01.2022.
  51. "Miraculés". In: d'Lëtzebuerger Land, 23. Januar 2015, S.2.
  52. An der Constitutioun virun 2023 war et den Artikel 114
  53. Quell: Brochure d'information « Révisions de la Constitution », Chambre des Députés, 2022.