Lëtzebuerger Bierger Partei
fréier politesch Partei zu Lëtzebuerg
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der fréierer Lëtzebuerger Bierger Partei. Fir eng Partei mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Biergerpartei Lëtzebuerg. |
![]() |
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Lëtzebuerger Bierger Partei (LBP) war eng lëtzebuergesch Partei, déi am Juni 2015 gegrënnt gouf, an aus dem "Groupe Neiwahlen" ervirgoung, déi sech an de sozialen Netzwierker fir nei Wale staark gemaach huet. Zu den Initiateuren hunn d'Nadia Renkens, d'Vivi Bonomi an den Daniel Rinck gehéiert.[1]
Lëtzebuerger Bierger Partei | |
---|---|
Ofkierzung | LBP |
Gegrënnt | 2015 |
Opgeléist | 2018 |
Ee vun de Matgrënner, den Daniel Rinck, huet op der ADR-Nordlëscht fir d'Chamberwalen 2018 kandidéiert[2][3][4]; vun der Lëtzebuerger Bierger Partei war duerno net méi vill ze héieren.
Referenzen
änneren- ↑ "Partei wëll fir 'Politik fir de Bierger a mam Bierger' stoen." rtl.lu, 17.06.2015, 07:47:26.
- ↑ (fr) Lëtzebuerger Land, Eine Wählerstimme gegen das Sprachenbabel. Lëtzebuerger Land (08.06.2018). Gekuckt den 12.08.2024.
- ↑ (de) Lëtzebuerger Land, Phantomparteien. Lëtzebuerger Land (13.07.2018). Gekuckt den 12.08.2024.
- ↑ (de) ADR präsentiert ihre Kandidaten. Luxemburger Wort (01.06.2018). Gekuckt den 12.08.2024.