Lëscht vun den Emplacementer vun der Guillotine zu Paräis
Wikimedia-Lëschtenartikel
D'Haapthiriichtungen zu Paräis wärend der Franséischer Revolutioun mat der Guillotine goufen op follgende Plaze gemaach:
Plaz | Datum | Affer |
---|---|---|
Place de Grève (haut Place de l'Hôtel-de-Ville) | 25. Abrëll 1792 | Nicolas Pelletier, éischt Affer wat zum Doud verurteelt a guillotinéiert gouf. |
Place du Carrousel (vis-à-vis vum Louvre) | vum 21. August 1792 bis 11. Mee 1793 | 35 Persoune goufe guillotinéiert, dorënner den Déif vun de Bijoue vun der Kroun (13. Oktober 1792) |
Place de la Révolution (haut Place de la Concorde) | vum 11. Mee 1793 bis 9. Juni 1794, | 1119 Persoune goufe guillotinéiert, dorënner de Louis XVI., d'Marie-Antoinette, an d'Girondins. |
Place de la Bastille | vum 9. Juni 1794 bis 12. Juni 1794 | 73 Persoune goufe guillotinéiert. |
Place du Trône-Renversé (haut Place de la Nation) | vum 13. Juni 1794 bis 27. Juli 1794 | 1306 Persoune goufe guillotinéiert, dorënner den André-Marie Chénier |
Place de Grève (haut Place de l'Hôtel-de-Ville) | November 1794 bis Mee 1795. | ? |