Lëscht vun de Grofe vu Ligny
Wikimedia-Lëschtenartikel
D'Hären, spéider Grofe vu Ligny, waren am Mëttelater d'Häre vum Fief Ligny-en-Barrois. 1240 huet den Henri II. vu Bar senger Duechter Marguerite d'Herrschaft iwwer Ligny-en-Barrois als Dott gi fir hiert Bestietnes mam Heinrich V. vu Lëtzebuerg. Den Heinrich huet et sengem jéngere Jong Walram vermaach, deen an der Schluecht vu Worringen gestuerwen ass.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/df/Armoiries_Luxembourg-Ligny.png/125px-Armoiries_Luxembourg-Ligny.png)
1364 gouf se zu enger Grofschaft erhuewen, an ass am Haus Lëtzebuerg a sengen Nofollger bliwwen (mat enger Ënnerbriechung 1476–1510) bis 1719, wéi d'Grofschaft un den Herzog vu Loutrengen verkaf gouf.
Häre vu Ligny
änneren- 1240–1281: Heinrich V. vu Lëtzebuerg
- 1281–1288: Walram I. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1288–1354 Walram II. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1354–1364 Jean I. vu Lëtzebuerg-Ligny
Grofe vu Ligny
änneren- 1364–1371 Guy I. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1371–1415 Walram III. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1415–1430 Philippe vu Saint-Pol
- 1430–1430 Jeanne vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1430–1440 Jean II. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1440–1475 Louis I. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1476–1478 Georges de la Trémoille
- 1481–1487 Louis vu Bourbon, Grof vu Roussillon
- 1487–1510 Charles vu Bourbon, Grof vu Roussillon
- 1510–1519 Antoine I. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1519–1530 Charles I. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1530–1557 Antoine II. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1557–1576 Jean III. vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1576–1608 Charles II.vu Lëtzebuerg-Ligny
- 1608–1613 François vu Piney-Lëtzebuerg
- 1613–1616 Henri vu Piney-Lëtzebuerg
- 1616–1680 Marguerite Charlotte vu Piney-Lëtzebuerg
- 1680–1701 Madeleine Charlotte vu Piney-Lëtzebuerg
- 1701–1719 Charles François Frédéric de Montmorency-Luxembourg, huet d'Grofschaft 1719 dem Leopold I. vu Loutrengen verkaaft.