Eng Lënsefërmeg Galaxis ass een Tëschentyp vun enger Elliptescher Galaxis an enger Spiralgalaxis an der Galaxiëklassifikatioun.

Elliptesch Galaxis Messier 102

Lënsefërmeg Galaxië si Scheiwegalaxië wéi d'Spiralgalaxien, déi de Groussdeel vun hirer interstellarer Matière verbraucht oder verluer hunn (wéi d'Elliptesch Galaxien). Wéinst hire verkierzten Äerm ass bei enger Dropsiicht eng Ënnerscheedung zu den Elliptesche Galaxië schwiereg.

D'Hubble-Klassifikatioun vu Lënsenfërmege Galaxien ass S0, SB0, E8. Dem de Vaucouleurs seng Klassifikatioun schreift SA0, SAB0 derbäi.

Um Spaweck änneren

Commons: Lënsefërmeg Galaxien – Biller, Videoen oder Audiodateien