E Lëlldech, Lëllduch oder Läinduch ass e stoftent Duch, dat Deel vum Bettgezei ass.

Gefaalt Lëlldicher

Et ass traditionell aus Léngen, zanter dem spéiden 20. Joerhonnert awer ëmmer méi aus gefierftem oder faarweg bedrécktem Kotteng oder aus Fitteng.

Lëlldicher déngen dozou, fir op d'Matrass vun engem Bett geluecht oder gespaant ze ginn. Am Fall wou et eng Decken an net en Diwwi ass, deen um Bett läit fir waarmzehalen, kënnt en zweet Lëllduch tëscht d'Decken an dat éischt Lëllduch; an deem Fall leet ee sech tëscht déi zwee Lëlldicher.

Zu Lëtzebuerg war et bis an d'éischt Hallschent vum 20. Joerhonnert de Brauch, datt jonk Meedercher op dat iewescht Lëlldech, wéi och op d'Kappzichen, Musteren oder Monogramme gebitzt hunn, déi se, nom Bestietnes, am Trousseau mat an hiren neie Stot geholl hunn.