Léon Maroldt (Geschäftsmann)

lëtzebuergesche Geschäftsmann
(Virugeleet vu(n) Léon Maroldt)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Léon Maroldt, gebuer de 17. Dezember 1906 zu Béiweng, an do gestuerwen den 8. Mee 1970, war de Fils vum Wiert Christian Maroldt a senger Fra Suzanne Ernst[1]. Hie war Geschäftsmann, Grënnungsmember (1962) a Sponsor vum Bierchemer Handball-Club an deem säin éischte President bis zu sengem Doud.

Léon Maroldt
Gebuer 17. Dezember 1906
Béiweng
Gestuerwen 8. Mee 1970
Béiweng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftspersoun
Member vun HC Bierchem

Hien hat den Handel mat Konstruktiounsmaterial, Kuelen, Masutt a Fuddermëttelen an der Rue de la Gare / Rue de la Poste zu Béiweng vu sengem Papp iwwerholl a weider ausgebaut.

Well hien eng wichteg Roll bei der Grënnung vum HCB gespillt an de Veräin besonnesch an den éischte Jore kräfteg finanziell ënnerstetzt huet, gouf zu Béiweng eng Strooss, d'Rue Léon-Maroldt, no him genannt.

Literatur

änneren

Bomb, John et al: 25 Joer H.C.B. an Episoden aus der Geschicht vun Béiweng-Bierchem, H.C. Berchem, 1986.

Referenzen

änneren
  1. Archives Nationales de Luxembourg, ANLux-CT-03-02-1212 Etat civil de la Commune de Roeser, Naissances 1903-1912, N° 27/1906.