L'Eroica ass eng Oldtimer-Vëloscourse duerch dat italieenescht Chianti-Gebitt, déi zanter 1997 gefuer gëtt.

All Joer am Hierscht begéine sech an der Toskana bis zu 1.000 Participanten fir eng Vëloscourse, déi ënner nostalgesche Konditiounen ofleeft. Op enger Streck vun ronn 40, 80, 135 oder souguer 200 Kilometer, dovu ronn d'Hallschent op Schlakeweeër, fuere gesond Naturen op Vollgummipneuen. Modern Vëloen a Vëlosgezei sinn och erlaabt, mä no de Statute ginn nëmmen Helde gewielt, déi mat Material gefuer sinn, dat virun 1980 gebaut gouf. Technesch Hëllef gëtt et an der Course natierlech keng.

Um Spaweck änneren