Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Kusnezk (op Russesch: Кузнецк) ass eng Stad am Oblast Pensa am Wolga-Federatiounskrees a Russland. Se läit eng 122 km ëstlech vu Pensa.

Kusnezk
Land Russland
Federatiounskrees Wolga
Status Oblast
Regioun Pensa
Gegrënnt 1699
Awunner 82.276 (1. Januar 2018)
Fläch 42
Koordinaten 53°7'0"N, 46°36'0"O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 841-57
Postcode 442530
Websäit http://gorodkuzneck.ru

Et ass de Verwaltungszentrum vum Distrikt Kusnezk. Si huet 88.839 Awunner (Stand 14. Oktober 2010).[1] D'Stad huet eng Fläch vun zirka 42 km².

Kusnezk gouf am Joer 1699 vum Bojar Wassili Fjodorowitsch Naryschkin als Duerf Trujowo (Труёво) oder Trujowo-Woskressenskoje (Труёво-Воскресенское) gegrënnt. Am Ufank vum 18. Joerhonnert huet se den Numm Naryschkino (Нарышкино). 1780 krut et d'Stadrechter a gouf op Kusnezk ëmbenannt.[2]

Kusnezk

Um Spaweck änneren

Commons: Kusnezk – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. ЧИСЛЕННОСТЬ И РАЗМЕЩЕНИЕ НАСЕЛЕНИЯ ПЕНЗЕНСКОЙ ОБЛАСТИ. Итоги всероссийской переписи населения в 11 томах. Официальное издание, Том I
  2. http://www.edu58.ru/goroda/68-kuzneczk.html