De Kurt Julian Weill, gebuer den 2. Mäerz 1900 zu Dessau a gestuerwen den 3. Abrëll 1950 zu New York, war en däitsch-amerkianesche Komponist, deen an den 1920 an Däitschland a spéider an den USA, wuer e wéinst senger jiddescher Relioun 1935 emigréiert ass, gewierkt huet.

Kurt Weill
Gebuertsnumm Kurt Julian Weill
Gebuer 2. Mäerz 1900
Dessau
Gestuerwen 3. Abrëll 1950
New York
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland, USA
Educatioun Universität der Künste Berlin
Aktivitéit Komponist, Pedagog, Dirigent, Filmkomponist
Famill
Bestuet mat Lotte Lenya, Lotte Lenya

Hien ass bekannt fir seng Kompositioune fir Musicalen, Operen an Operetten, absënns fir d'Stécker vum Bertolt Brecht. Mam Brecht huet hien e puer Stécker zesumme geschriwwen, dat bekanntst dovun ass Die Dreigroschenoper, an dodran d'"Ballade von Macky Messer" (op englesch "Mack The Knife"). Nieft dem Stéck "Piraten-Jenny", och aus der Dreigroschenoper, sinn den "Alabama Song" (aus Mahagonny), "Surabaya Johnny" (aus Happy End), "Speak Low" (aus One Touch of Venus), "Lost in the Stars" (aus dem Musical mam selwechten Numm), "My Ship" (aus Lady in the Dark) a "September Song" (aus Knickerbocker Holiday) bekannt.

Hien huet ë. a. och eng Rëtsch Orchesterstécker, Kammermusek, Lieder a Chansons geschriwwen.

Literatur änneren

  • Kim H. Kowalke, Horst Edler (Hrsg.): A Stranger here myself. Kurt Weill Studien, Olms, Hildesheim 1993, ISBN 3-487-09722-2 (Haskala 8)
  • David Farneth, Elmar Juchem, David Stein (Hrsg.): Kurt Weill. Ein Leben in Bildern und Domumenten, Ullstein, Berlin 2000, ISBN 3-89834-004-X
  • Jürgen Schebera (Hrsg.): Weill. Eine Biographie in Texten, Bildern und Dokumenten, Schott, Mainz 1990, ISBN 3-7957-0208-9
  • Joseph A. Kruse (Hrsg.): Vom Kurfürstendamm zum Broadway: Kurt Weill (1900-1950), Droste Verlag, Düsseldorf 1990, ISBN 3-7700-0879-0

Um Spaweck änneren

Commons: Kurt Weill – Biller, Videoen oder Audiodateien