Kurt Felix

Schwäizer Tëleespresentateur a -journalist

De Kurt Felix, gebuer de 27. Mäerz 1941 zu (Wil (Sankt Gallen), a gestuerwen de 16. Mee 2012 zu Sankt Gallen, war e Schwäizer Tëleespresentateur a -journalist. Hie war zanter 1980 mat der Sängerin an Tëleespresentatrice Paola del Medico bestuet.

Kurt Felix
Gebuer 27. Mäerz 1941
Wil SG
Gestuerwen 16. Mee 2012
St. Gallen
Nationalitéit Schwäiz, Italien
Aktivitéit Journalist, Televisiounsmoderateur, Kolumnist

Biographie

änneren

De Kurt Felix huet sech scho fréi fir Radio-Lauschterspiller intresséiert an där schonn als Schüler geschriwwen. 1960-1965 huet hien zu Frauenfeld als Schoulmeeschter geschafft, huet niewelaanscht awer och als Radio- an Televisiounsprésentateur geschafft. 1965 gouf hie fest bei der Schwäizer Tëlee SF DRS engagéiert. Hien huet do och eege Formater entwéckelt wéi d'Emissioun Teleboy mat verstoppter Kamera.

Vun 1980 bis 1990 huet hie sou eng Zort Emissioun och mat vill Succès, zesumme mat senger Fra Paola, op der däitscher Tëlee (Südfunk) ënner dem Titel "Verstehen Sie Spaß?" moderéiert.

Vun 1995 bis 2008 war hien Tëleeskolumnist an Auteur, ë. a. bei der Schweizer Illustrierte, SonntagsBlick an dem St. Galler Tagblatt.

Hie war laang mat Schilddrüsekriibs geplot an ass un de Suiten dovu gestuerwen.

Literatur

änneren
  • K.F. Habegger, Verstehen Sie Spass (1982)
  • Walter Grieder, Zwei die Spass verstehen - Biographie (1990)

Um Spaweck

änneren