Kultur lx

lëzebuergesch Plattform

Kultur | lx – Arts Council Luxembourg ass eng Plattform, déi déi verschidden Intitiative koordinéiert, déi hëllefe solle fir d'Kulturzeen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen, ze subventionéieren an ze verbreeden.[1]

Se gouf am Juli 2020 gegrënnt an ënnersteet dem Kulturministère.

Hir Aktivitéite fokusséieren op dës dräi Schwéierpunkter:[1]

  • d'Entwécklung vun de Karriäre vun de Kënschtlerinnen a Kënschtler vu Lëtzebuerg;
  • d'Verbreedung vum kënschleresche Schafen ënnerstëtzen a fërderen;
  • d'kënschleresch Kreatiounen national an international méi bekannt maachen.[1]

Ënnert dem Daach vu kultur | lx ginn Honnerte vun Initiativen an Aufgabe vereent, wéi z. B. music:LX oder Reading Luxembourg. Mëttel- a laangfristeg soll déi Plattform den Haapt-Uspriechpartner sinn, fir Fachleit aus de Sparten Architektur, Design, Konschthandwierk, Multimedia- an Digitalkonscht, Literatur a Verlagswiesen, Musek a performativ Konscht ze begleeden an ze promouvéieren.[1]

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Über uns op kulturlx.lu (nogekuckt: 04.02.2025.